Invité vun der Redaktioun (4. September) - Georges CleesPatientevertriedung appelléiert un Dokteren a Politik, fir sech nees un een Dësch ze sëtzen

Claude Zeimetz
E Freideg de Moie war d'Santésreform Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Georges Clees
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Patientevertriedung bleift zouversiichtlech, datt sech fir d'Patienten näischt beim Remboursement vun den Dokteschrechnungen ännert, wa vun November un d'Tariffer an d'Remboursementer net méi via Konventioun, mä per Reglement gereegelt sinn, dat sot e Freideg de Moien de Kommunikatiounsbeoptraagte vun der Patientevertriedung Georges Clees als eisen "Invité vun der Redaktioun". Et géif een och dovunner ausgoen, datt déi nei Dispositioune juristesch d'Strooss halen.

D'AMMD huet jo virun e puer Woche wësse gedoen, datt si déi nei Konventioun mat der CNS sécher net ënnerschreift. Dowéinst huet d'Gesondheetsministesch also missen aktiv ginn an d'Dispositiounen an e Reglement schreiwen. D'Texter triede viraussiichtlech Enn Oktober a Kraaft.

"Et ass kengem gehollef, wa gestridde gëtt"

Et hätt ee vun Ufank u gemierkt, dass d'Fronten tëscht den Dokteren an der Politik/CNS verhäert sinn, sou de Georges Clees, deen awer net ee Spezifesche fir den Echec vun de Verhandlunge responsabel wollt maachen. Am Sënn vun de Patiente wier et elo awer wichteg, datt Doktesch- an d'Zänndokteschassociatioun sech nees zesummen un een Dësch sëtzen. Wann et muss sinn, eng Mediatioun maachen, fir zesummen d'Defien am Lëtzebuerger Gesondheetswiesen unzegoen.

Déi Gespréicher kéinten och roueg méi breet op engem "Gesondheetsdësch" gefouert ginn. De Georges Clees huet och net verstoppt, datt d'Patientevertriedung do nawell och gär e Wiertche matschwätze géif.

Patientevertriedung versteet net, datt de Supplément fir d'1. Klass an d'Convenances personnelles an de Reglementer bäibehale goufen

Obwuel se vun der Politik iwwert d'Joren ëmmer rëm kritesch hannerfrot goufen, huet d'Gesondheetsministesch Martine Deprez an den neie Reglementer déi sougenannte "Convenances personnelles" (CP) an de Supplement fir d'éischt Klass, also en Eenzelzëmmer am Spidol, bäibehalen. D'Patientevertriedung bedauert dat, kann et sech awer och net richteg erklären.

CNS-Budget: Cotisatiounsplafong eropsetzen, amplaz d'Bäiträg allgemeng ze héijen

Am Oktober wäert op der Quadripartite ënnert anerem mussen iwwert de Defizit am Budget vun der Assurance-maladie bei der CNS diskutéiert ginn. Deen huet sech zejoert op 102 Milliounen Euro. Amplaz vun enger allgemenger Cotisatiounshausse plädéiert d'Patientevertriedung duerfir, d'Cotisatioune fir d'éischt emol ze deplafonnéieren, respektiv de Plaffong eropzesetzen. Dat wier méi gerecht.

Patientevertriedung widderhëlt Fuerderung no enger onofhängeger Conciliatiounsplaz

Patienten, déi der Meenung sinn, datt eppes bei engem medezineschen Agrëff net richteg gelaf ass, hunn zu Lëtzebuerg net wierklech vill Moyenen, fir zu hirem Recht ze kommen, sou eisen Invité. De Georges Clees huet am Interview nach emol eng al Fuerderung vun der Patientevertriedung no enger onofhängeger Conciliatioun widderholl. Eng Plaz, wou Experten eng neutral Expertis vun de medezineschen Dossiere maache kéinten. Do wier virun 20, 30 Jore souguer scho vill Viraarbecht geleescht, e Projet ausgeschafft an e Budget opgestallt ginn. Mä op eemol hätt kee méi dovunner geschwat.

E Freideg de Moie war d'Santésreform Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO