
Dat geet aus dem Urteel vun der Cour administrative ervir, dat en Dënschdeg ënnerschriwwe gouf. Konkret geet et ëm d'Käschte fir d'Hëtzen an den Entretien vun de fënnef Kierchen an dräi Kapellen, déi alleguer der Gemeng Ëlwen gehéieren. Dës Fraise waren am Budget vun dëser Gemeng opgelëscht, wat vum Inneministère net akzeptéiert gi war.
Waasser, Elektresch, Heizung: Am Budget 2019 waren et ronn 84.000 Euro fir den Ënnerhalt vun de Kierchen a Kapellen. 2020 waren nach eemol ronn 9.000 Euro, erkläert de Buergermeeschter vun Ëlwen Edy Mertens. Mat engem Arrêté ministériel wären déi Posten awer aus dem Budget gestrach ginn. Anere Gemengen aus dem Kanton Klierf wär dat selwecht widderfuer, betount den DP-Politiker. Dofir hätt ee sech als Gemengepäpp mat engem Affekot beroden, wéi den Edy Mertens betount.
Mir wären der Meenung, dass mir keng schlecht Chancen hätten, wa mir dogéint géinge virgoen. Et kann dach keen eis verbidden, eise kulturelle Patrimoine ze schützen. Mir hunn eng Verflichtung dofir als Gemeng.
Dat hat een am Interieur wuel anescht gesinn, wéi aus dem Arrêt vun der Cour administrative ervirgeet, dee RTL virläit. D'Konventioun tëscht Staat an dem Kierchefong géif et enger Gemeng net erlaben, de Fong, deemno d'Kierch, z'ënnerstëtzen. Mä dat wär guer net d'Zil, betount den Ëlwener Buergermeeschter an hëlt aus.
Et goung ëm den Entretien vun eise Gebaier. Et ass jo total onverständlech. Et hat keen dat esou richteg verstanen, dass mir op der enger Säit responsabel sinn, de Patrimoine ze schützen, an op der anerer Säit awer verbuede kriten, fir eis Gebailechkeeten ze heizen. Do ass jo awer en Immobiller dran, dee ganz wäertvoll ass, deen deelweis honnert Joer al ass. Dann hu mer dräi Kierchen zu Ëlwen, déi och duerch Sites et Monuments protegéiert sinn. Do sinn dräi Uergelen dran, déi fir dausende vun Euroe renovéiert goufen. Wa mir do net heize ginn, a wann dann e strenge Wanter kënnt, dann gëtt dat muuschteg an da geet dat kapott. Dat kann dach net sinn.
D'Gemeng huet dunn e Recours géint den Arrêté vun der Inneministesch Taina Bofferding ageleet. A krut um Enn an zweeter Instanz um Verwaltungsgeriicht Recht. Ee sprangende Punkt ass wuel, dass d'Gemeng Proprietär ass vun de concernéierte Kierchen a Kapellen an dofir selwer decidéiere kann, ënnert wéi enge Konditiounen de Kierchefong d'Gebailechkeeten notzen dierf. Eng Konventioun, déi dat festleet, gëtt et nach net, gëtt den Edy Mertens zou.
Am Abléck hu mir d'Käschten nach all. Mir haten op dat Urteel gewaart. Mir wäerten elo esou séier wéi méiglech eng Konventioun mam Fong maachen. Da muss ee ganz éierlech domat bleiwen.
Wa Käschten ufalen, déi kloer op d'Kierch zeréckzeféiere sinn, misst de Fong se bezuelen, annoncéiert den Ëlwener Gemengepapp. D'Fraise géifen transparent opgedeelt ginn.
D'Urteel vun der Cour administrative ass definitiv. D'Inneministesch huet net méi d'Méiglechkeet, an Appell ze goen.