Um Stater Geriicht goung e Mëttwoch de Mëtten d’Affär Lunghi/RTL an zweeter Instanz un. De fréiere Mudam Direkter Enrico Lunghi reprochéiert dem fréieren RTL-Generaldirekter an den Ex-RTL-Journaliste Sophie Schram a Marc Thoma Calomnie, Diffamatioun an onfräiwëlleger Kierperverletzung wéinst “Troubles psychiques”.
Am Zentrum steet e Reportage vum Marc Thoma viru bal 10 Joer an der Emissioun “Nol op de Kapp”. An dësem ass eng Zeen ze gesinn, wou den deemolege Mudam Direkter Enrico Lunghi extrem gereizt op eng Fro vun der RTL-Journalistin Sophie Schram reagéiert a si brüsk um Handgelenk péckt. No dëser Zeen goung den Interview awer sachlech weider. Och mat enger Entschëllegung vum Direkter.
D’Entschëllegung hat awer kee Schlussstréch ënnert d’Affär gezunn. D’Zeen gouf an engem Reportage vum Mac Thoma benotzt, wou och d’Sophie Schram mat engem Verband ëm d’Handgelenk ze gesi war. No der Ausstralung gouf d’Affär zum Politikum. Den Drock op den Enrico Lunghi ass gewuess an hien huet demissionéiert.
D’Fro, mat där d’Geriicht ëmmer nach befaasst ass, ass ob ee mat enger Inzenéierung dem Enrico Lunghi wollt schueden an ob am Reportage propper geschafft gouf. An der Kritik steet, d’Manéier wéi e geschnidde gouf.
Um éischten Dag goufen da wärend bal annerhallef Stonn Reportagen a Réimaterial vu Reportage ronderëm de Sujet gewisen. Dono hunn déi Ugekloten erkläert, wisou si an Appell gaange sinn. D’Sophie Schram sot, schonn zanter 10 Joer Affer an der Affär ze sinn. En plus séiz si, als fréier Freelance Journalistin, elo op den extremen Affekotekäschten. Och de Marc Thoma huet ënnerstrach, kee Feeler gemaach ze hunn, mee e Montage wéi all aneren. Hien hätt 28 Sekonne vum Interview erausgeschnidden, wou de Buedem gefilmt gouf. Dat hätt awer un der Situatioun näischt geännert.
De Parquet général huet sengem Requisitoire scho virgegraff an d’Confirmatioun vum Urteel an éischter Instanz gefrot. Fräisproch fir den Alain Berwick, deen e Mëttwoch net konnt dobäi sinn, a grosso Modo d’Confirmatioun vun der Geldstrof vu jee 1.000 Euro géint déi zwee fréier RTL-Journalisten Schram an Thoma.
De Prozess geet nächste Mëttwoch weider.