D'CSV huet de Budget schonn e Mëttwoch de Moie kritiséiert an dat huet sech an deene Stonnen duerno och net geännert. De Gilles Roth huet sech a senger Ried ënnert anerem dru gestéiert, datt Instrumenter wéi d'Solidaritéitssteier onchangéiert bleiwen, obschonn de Chômage erofgeet.
De Gilles Roth huet och ënnerstrach, datt d'Mëttelschicht déi "leidtragend" ass. Si misst de Kapp duerhalen, fir datt de Budget am Equiliber ass. Näischt géint d'Aarmut z'ënnerhuelen an eng Politik ze maachen, déi nach méi Aarmut provozéiert... Dat reprochéiert déi Lénk der blo-rout-grénger Regierung.
Och de Riedner vun der ADR, de Gast Gibéryen, ass am Laf vu senger Interventioun op d'Aarmut agaangen an huet sech besonnesch un de Sozialiste geriwwen. Si wieren, mat enger kuerzer Ënnerbriechung, zënter 30 Joer an der Regierung an d'Leit am Land wieren esou aarm wéi nach ni.
Hien huet dunn och aus dem Editorial aus dem Tageblatt zitéiert a méi spéit mat enger Bemierkung iwwert den LSAP-President Franz Fayot fir déckt Gejäiz um Krautmaart gesuergt.
Fir d'éischt huet hie gemengt, datt de Franz Fayot méiglecherweis nächste Wirtschaftsminister gëtt an duerno vläicht och an e Verwaltungsrot géif sëtze goen, esou wéi de sozialistesche Wirtschaftsminister Jeannot Krecké dat gemaach hätt an den aktuellen LSAP-Wirtschaftsminister Etienne Schneider dat elo géif maachen. Eng Bemierkung, déi de Franz Fayot inakzeptabel genannt huet.
De Chamberpresident Fernand Etgen huet dem LSAP-President Franz Fayot Recht ginn, datt d'Bemierkung vum Gast Gibéryen net an der Rei wier a géint d'Reglement géif verstoussen an dunn ass et relativ haart hiergaangen.
De Fernand Etgen huet déi zwee Deputéiert dunn nees berouegt an d'Debatte goungen och dunn erëm an engem méi moderaten Toun virun.
RTL NEWS: Budgetsdebatten: Eng "Radiographie" vun de Mesuren am Logement
RTL NEWS: En equilibréierte Budget, dee sozial an ekologesch Akzenter setzt
RTL NEWS: Haaptkritikpunkten aus ënner anerem Staatsrot a Beruffskummeren