Et gouf sech éischter op Substanzsuchte konzentréiert also Zigaretten, Alkohol oder Drogen. Haut hu Jugend- an Drogenhëllef zesummen mam Impuls an Cnapa en neien Member an hirer Ronn annoncéiert: D'Anonym Glécksspill ASBL.
Tëscht 7 an 10 Prozent vun de Jugendlecher si Gaming-ofhängeg oder un der Grenz, an eng Sucht ze falen. Ma och d'Glécksspill ass e Problem, dat genee sou wéi de Gaming, fir Jonker a méi al Persounen. Dowéinst bitt d'Suchtberodung online elo och Hëllef fir Leit mat dësen Ofhängegkeeten. Zemools a Corona-Zäiten wier dat noutwenneg. Zanter dem éischten Lockdown hätten nämlech vill Jonker hir Berodungen ofgesot, well se net méi sur Place sinn, mä iwwert Videokonferenz.
Den Dr. Andreas König, Chargé de Direction Anonym Glécksspiller ASBL kennt de Problem.
"Vill sinn einfach iwwerfuerdert, virun allem d'Elteren fir ze kucken: Wat ass lass. Se brauchen fir d'Schoul de Computer, mä wat ass lo Schoul? Wat ass privat? Se sinn de ganzen Dag deelweis doheem, da kann een och net kontrolléieren a kucken"
D'Eltere wéilten den Zougang zum Digitalen och net komplett ënnerbannen, well dat zu Covid-Zäiten oft deen eenzege Wee ass, fir déi Jonk mat hire Kolleegen a Kontakt ze bleiwen, erkläert de Günter Biwerski, Direkter vun der Jugend- an Drogenhëllef.
"Et ass jo och bëssen ee Widdersproch. Engersäits soll een digital ënnerwee sinn. Bei Süchtegen ass et ëmmer d'Fro vun der richteger Dosis. Dowéinst hu mir och op der App verschidde Materialien, wou een kann en Test maachen."
Op der App oder op Suchtberodung-Online.lu kann een dëse Selbsttest maachen. Hei muss een dann e puer Froe beäntweren. Zum Schluss kritt een ugewisen , ob säin eegent Gamingverhalen an der Norm läit oder ee sech Hëllef siche soll. Ausserdeem kann ee via Chat och mat engem Expert schwätzen an eng Aart Journal fir sech sëlwer féieren. Dobäi ass Anonymitéit ganz wichteg.
"Dofir stinn ech och hei a keen Betraffenen, well mir dat fir wichteg halen, dass den Anonymat geséchert ass, dass e Mënsch sech anonym kann do mellen a lues a lues sech eruntaaschten: Sinn ech dann een, dee süchteg ass oder net? Well mir wëssen jo an der Gesellschaft, d'Sucht ass ëmmer nach een Tabu"
150 Leit hu sech am Joer 2020 wéinst engem Gaming-Probleem Hëllef gesicht, 374 wéinst Glécksspiller. Et géif een hoffen, elo mat der App nach méi Jonker ze erreechen.