
De Secteur vun de Geld- a Fongen-Transporter vun der Firma G4S gëtt vum Konkurrent Brink's Security iwwerholl. Fir eng Monopol-Positioun am Secteur vun de Wäert-Transporter ze verhënneren, huet den LCGB doropshin zesumme mam OGBL de Konkurrenz-Rot gesinn.
D'Gewerkschafte wëllen op alle Fall verhënneren, datt Brinks, als nach eenzege Prestataire an deem Secteur, seng Tariffer imposéiert an datt d'Aarbechtskonditioune vun de Salariéeë sech degradéieren.
An deem Sënn appelléieren LCGB an OGBL un de Conseil de la Concurrence, fir dëse Bedenken a sengem Avis Rechnung iwwert den Opkaf vun "G4S Cash Solutions" ze droen. An deem Conseil gëtt lo analyséiert, ob en Dossier opgemaach gëtt oder net.
G4S gëtt also den Domaine vun de Geldtransporter of, behält awer eegestänneg d'Aktivitéite Gardiennage an Iwwerwaachung.
Ewell Enn vum leschte Joer hat Paperjam vun enger méiglecher Reprise vum Cash-Secteur vu G4S duerch Brink's geschriwwen - deemools waren d'Nouvellen nach dementéiert ginn.
G4S beschäftegt weltwäit eng 530.000 Leit an huet ewell a 17 Länner seng Geldtransport-Aktivitéiten u Brink's ofgetrueden, dorënner der Belsch.
Hei am Land schaffen eng ronn 1.230 Leit bei G4S.
Reng am Transportgeschäft vu Fongen a Sue schaffen eng 120 Leit am Land, déi mat Brink's nach just een eenzege Patron hätten.