D'Kredit- an Investitiounsgesellschaft SNCI an den Europäeschen Investitiounsfong sinn dorunner bedeelegt. D'Regierung huet e Freideg de Mëtten den deementspriechenden "Future Fund 3", also "Zukunftsfong 3" virgestallt. Et ass e Fong, deen an aner Fongen investéiert, mam Zil den Accès zur Finanzéierung fir Start-Uppen a kleng- a mëttelgrouss Betriber ze verbesseren. Et wier eng Ënnerstëtzung, déi d'Entrepreneure brauche géingen, esou de CSV-Finanzminister Gilles Roth.
"Et kann een esou a Venture-Capital, Private Equity wéi och a Scholdfongen investéieren. De Programm, dee konzentréiert sech op spezialiséiert, awer virun allem multisectoriell Fongen, mat enger Prioritéit fir héich Wuesstumssecteuren, déi entscheedend och sinn, fir d'Zukunft vun eisem Land. An och mat engem klore Méiwäert fir d'Bierger."
Bei deene Secteure geet et ëm Cyber-Beräich, d'Wëssenschaft, Finanztechnologien, Gesondheetstechnologien, Technologië fir den Immobilieberäich, Weltraumtechnologien, gréng Technologien an och d'Logistik. Am Géigesaz zu den zwee éischten Zukunftsfonge soll den SNCI elo eng méi aktiv Roll iwwerhuelen, esou de Finanzminister. "Den europäeschen Investitiounsfong huet déi éischt zwee Programmer eigentlech geréiert. Elo iwwerhëlt d'SNCI wichteg operationell Aufgaben. Si klëmmt direkt an den Investitiounsprozess eran. D'SNCI investéiert genee wéi beim nationale Verdeedegungsfong an hirem eegenen Numm. Esou kann d'SNCI zum Beispill hir Direktbezéiung mam Marché weider stäerken an och do selwer hir Expertis ausbauen."
Iwwert de Future Fund 1 an 2 sinn iwwert déi lescht 10 Joer schonn 263 Milliounen Euro investéiert ginn. Den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles huet e Beispill vun enger Entreprise mam Numm Hydrosat ginn, déi iwwert den zweeten Zukunftsfong ënnerstëtzt gouf.
"Den LFF2 huet ebe grad an dës Entreprise investéiert, déi thermesch Satellittebiller notzt, fir Waasserstress an der Landwirtschaft kënnen ze moossen. Dës Technologie hëlleft d'Bewässerung méi präzis kënnen ze steieren, d'Liewensmëttelproduktioun also besser ofzesécheren an den Auswierkunge vum Klimawandel méi effektiv kënnen ze begéinen. Hydrosat huet säin Haaptsëtz hei zu Lëtzebuerg etabléiert. Méi wéi 40 Leit schaffen hei. Ronn d'Hallschent ass dat do vum gesamte Personal vun der Entreprise. Dee gréissten Deel dovunner si Wëssenschaftler an Ingenieuren."
Wéi vill Entreprise bis elo iwwert d'Zukunftsfongen ënnerstëtzt goufen a mat wéi engem Resultat konnten d'Ministeren net soen. Si hu sech awer dozou engagéiert, an Zukunft fir méi Transparenz ze suergen.

No der Pressekonferenz huet de Wirtschaftsministère dës Zuelen zu den Investissementer vun den Zukunftsfongen 1 an 2 matgedeelt:
“Am Kader vum LFF1 goufen et Co-Investissementer an 9 Entreprisen. Ausserdeem ass an 4 Fonds investéiert ginn, déi jeeweils 8-12 Investissementer an Entreprisë gemaach hunn.
Am Kader vum LFF2 goufen et Co-Investissementer an 4 Entreprisen. Ausserdeem ass an 8 Fonds investéiert ginn, och hei sinn 8-12 Investissementer an Entreprisë viséiert.“