Eng Mëschung vu Fuerderunge fir d'Zukunft gouf e Mëttwoch vum Mouvement Ecologique presentéiert. Et bréicht ee grad elo eng sozialgerecht an ekologesch orientéiert Finanz- a Steierpolitik. Et wier net den Zäitpunkt, déi annoncéiert Steierreform no hannen ze verréckelen.
Hei géif ee sech e konkrete Plang wënschen, fir eng sozial an ekologesch Balance fir Lëtzebuerg ze schafen, esou d'Presidentin vum Mouvement Ecologique, Blanche Weber.
„D'Co2-Steier muss elo onbedéngt agefouert ginn. Onbedéngt, soss kréie mer déi Klimakris net an de Grëff. Mir brauchen awer och ganz kloer eng méi staark Besteierung vum Kapital, wa mer wëllen eng méi gerecht Verdeelung vun de Stéieren hunn. Eng Aféierung vun enger Verméigenssteier. Eng Digitaliséierungssteier an eng Finanztransaktiounssteier. Et ass net normal, datt d'Aarbecht an dat soziaalt esou vill méi besteiert gëtt, an déi doe Leeschtungen net.“
Et erwaart ee sech beim MouvEco, datt déi Responsabel an der Politik, Ekonomie a Gesellschaft den Neistart an d'Ëmdenke vun der Populatioun notzen, fir sech den neie Standarden a Wäerter vun der Populatioun unzepassen, esou de Cédric Metz vum MouvEco.
„Mir hunn iwwert déi lescht Wochen a Méint gemierkt, datt gewësse Wäerter sech méi an de Fokus bei de Leit gestallt hunn. Manner Konsum, méi zesumme sinn mat der Famille a Kolleegen. Et huet ee méi am Gaart geschafft. Et huet een säin Alldag ganz anescht gestallt.“
Dofir misst de Fokus déi nächst Méint ënner anerem och op d'Aarbechtsmodeller falen. D'Optioun Teletravail a souguer aner Aarbechtszäite missten hei weider analyséiert ginn.
Et wënscht ee sech och, datt déi wirtschaftlech Relancements-Päck no der imminenter COVIDs-Kris besser ugepasst ginn, esou d'Blanche Weber.
„Mir mengen, datt et zentral ass, datt wierklech en zentral politesche Konsens geschaaft gëtt, dee preziséiert, wat mat der ekonomescher Relance bezweckt gëtt. Soll do jidderee Gelder kréien, oder traue mer eis a soen, mir hätte gären deen ominéise Strukturwandel a mir maachen et net ewéi an der Finanzkris, wou e bësse blann Geld verdeelt ginn ass, mä mir maachen eng geziilten Investitioun vu Gelder an déi Secteuren, déi mer zukunftsfäeg gesinn.“
Et wier nämlech elo un der Zäit ze agéieren. Well am Géigesaz zu Corona-Pandemie, géif fir d'Klimakris kee Vaccin op de Marché kommen, esou nach de MouvEco.