Mëtt der Woch hat den US-President Donald Trump iwwerraschend ugekënnegt, datt vun e Freideg un een Areesverbuet fir Europäer géingen a Kraaft trieden.
Och d'Sportpsychologin Marie Lanners gouf vun dëser Nouvelle iwwerrascht. Si war deen Ament a Kalifornien, fir Sportler op engem Tennistournoi ze betreien. E Freideg koum si mat engem vun de leschten direkte Linneflich vu Los Angeles zréck an d'Schwäiz an huet dem Christophe Hochard erzielt, wéi si dës Situatioun erlieft huet.
Eng ganz Nuecht goung drop, fir nach séier een Ticket ze kréien, fir aus den USA kënnen auszereesen. Et war eng Course géint d'Zäit.
36 Stonne Rees, zwou Nuechte kee Schlof. Sou goung et zréck op Lëtzebuerg.
D'Marie Lanners ass Sportpsychologin. Si betreit eng 15 Sportler, déi bei den Olympesche Summerspiller zu Tokio untriede sollen. Si all wären a grousser Ongewëssheet, wéi et soll weidergoen.
An der Schwäiz ginn nees iwwerall Grenzkontrolle gemaach, sou wéi dat och am Schengener Accord virgesinn ass an Ausnamesituatiounen. D'Grenz mat Italien ass allerdéngs zou an et kënnt ee just nach vun do an d'Schwäiz, wann een och an der Schwäiz schafft.
Schreiwes vum Bundesrat iwwert d'Situatioun an der Schwäiz.
