
Vill Leit wëlle wëssen, wéi se sech verhale sollen, wa Flich, Vakanzen, Hotelsreservatiounen an sou weider annuléiert goufen.
Well den Ament perséinlech Consultatiounen net méiglech sinn, bitt den ECC engem elo d’Méiglechkeet, e Video eranzeschécken, an deem d’Uleies erkläert gëtt.
Et kritt een da vun engem Expert och e Video zeréckgeschéckt.
All Fro soll net méi wéi eng 20 Sekonnen daueren a kann op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch opgeholl ginn, beispillsweis mam Smartphone an dann op info@cecluxembourg.lu gemailt ginn.
De Berodungs-Service bleift wéi gewinnt gratis.
