
Dat vu 5 Joer, dovun 3 mat Sursis, op elo 4 Joer mat Sursis. Donieft goufen d'Geldstrof vun 100.000 Euro, d'Restitutioun vu ronn 120.000 Euro an d'Confiscatioun vu Konschttableaue fir e Wäert vun engen 19 Milliounen Euro confirméiert. D'Curateure vun de Parties civille Multiplan kruten hirersäits op d'mannst 17,4 Milliounen Euro Schuedenersatz zougesprach.
Dem Mann war ënnert anerem Verontreiung an Ënnerschloe vu Gesellschaftsverméige virgehäit ginn. Am Prozess war et ëm ronn 25 Milliounen Euro gaangen, déi den Ugekloten tëscht Januar 2007 a Mäerz 2010 soll ënnerschloen oder verschwent hunn, dat ënnert anerem zum Schued vun der Gesellschaft „Belval Plaza“. De Beschëllegten, Manager vu 7 Multiplan-Societéiten, soll dës Sue vun deenen ofgezwackt hunn, déi hien ënnert anerem en vue vun der Entwécklung vun de Projete Belval Plaza I, Belval Plaza II a Belval Plaza Tower op de Frichë vun Esch-Belval zur Verfügung gestallt krut.