Vun dësem Sonndeg un ass dat nees méiglech, virausgesat, datt e Freideg dat neit Covid-Gesetz duerch d'Chamber geet, wouvun een awer kann ausgoen.
Maximal 4 Leit aus verschiddene Stéit oder eng gréisser Famill dierfen dann nees zesummen un engem Dësch consomméieren, op Ofstand vun anere Clienten an ënnert der Konditioun, dass se en negatiivt Corona-Testresultat hunn. Entweder via e PCR-Test oder eben e Schnelltest, deen ee "sur place" mécht.
Am Horeca-Secteur freet ee sech eigentlech iwwert d'Reouverture, allerdéngs bedauert een de Manktem u Kommunikatioun an Explikatioun vun der Regierung. D'Ëmsetze vun de Schnelltester am Restaurant oder Bistro wier nämlech net sou einfach wéi dat an der Theorie géif kléngen, bedauere souwuel Stärekäch wéi och Cafetieren.
Et wier net genuch mat de Leit vum Terrain geschwat ginn. Et hätt ee sécherlech och aner Léisunge kënne fannen, fir d'Consommatioun dobannen nees ze erméiglechen. Elo misst ee sech eben am Secteur sou gutt et geet debrouilléieren, seet de Stärekach Cyril Molard.
Et ass och net kloer definéiert, wou d'Clientë vu Restauranten a Bistroe vun e Sonndeg un hir Schnelltester solle maachen, ob virum oder am Etablissement. Wat ass mat de Leit, déi op den Terrasse sëtzen an dann eran op d'Toilette ginn? A wéi wëll een et fäerdegbréngen, an enger kuerzer Mëttespaus iessen ze goen, wann een eleng scho 15 Minutten op en Testresultat muss waarden? Alles Froen, op déi et nach keng kloer Äntwerte ginn.