Wat den Educatiounsminister Claude Meisch iwwert d’Pläng zu den Toiletten an de Lycéeën e Méindeg bei eis um Radio sot “entsprécht net der Wouerecht”, esou den ADR-Fraktiounschef Fred Keup e Freideg de Moien hei op RTL. Virun allem d’Behaaptung vum Claude Meisch, datt d’ADR falsch Saachen an d’Welt gesat hätt.
Hien huet drop higewisen, datt an der Sitzung vun den zoustännege Chamberkommissiounen d’lescht Woch kloer Rieds gaange war, datt d’Jongen a Meedercherstoiletten an neie Lycéeën duerch Toiletten ersat géinge ginn, déi net exklusiv fir dat eent oder anert Geschlecht wieren. Duerno huet d’CSV sech dogéint ausgeschwat an d’DP-Ministeren hunn du gesot, datt d’Toilette fir Jongen a Meedercher bleiwe géingen, mee och neutral Toiletten dobäikéimen.
Vill Elteren a Schüler géinge sech Suerge maachen an de Projet wier vill kritiséiert ginn, dowéinst misst een elo transparent an éierlech sinn, esou de Fred Keup. Hien huet de Minister a seng Partei- a Regierungskolleegin Yuriko Backes opgeruff ëffentlech kloerzestellen, datt se de Projet vun Unisex-Toiletten an de Lycéeën zeréckzéien.
Ass d’ADR da mam neie Konzept elo averstan? Dem Fred Keup no géing et déi Méiglechkeet schonn a ville Lycéeë ginn: “wann een do ass, deen aus iergendengem Grond och ëmmer gären op eng aner Toilette geet, dat gëtt et op ganz ville Plazen.”
Neutral Schoule, mee keng neutral Toiletten
Op d’Argumenter ugeschwat, datt transgender Leit op klasseschen Toilette belästegt ginn an Unisex-Toilette méi Schutz bidden, huet den ADR-Fraktiounschef gemengt: “hei geet et awer och e bëssen drëms, wann ee méi déif kuckt, fir eng gewësse Weltanschauung un d’Kanner erunzebréngen”. All Mënsch hätt Respekt verdéngt, esou de Fred Keup, mee dat géing net heeschen, datt d’Schoul all gesellschaftlech Debatt op d’Kanner iwwerdroe géing. D’Schoul soll och eng Plaz si wou “d’Neutralitéit herrscht”.
Neutralitéit? Firwat dann net neutral Toiletten ewéi Doheem oder am Fliger? “Jo dat ass richteg, mee am Fliger hutt Dir eng ganz aner Situatioun”, esou de Fred Keup. Doheem hätt een iwwerdeems souwisou Sécherheet an Diskretioun.
Wou verléiert een eppes mat neutralen Toiletten? Do misst een d’Leit an déi Betraffe froen, wat sengem Gefill no net gemaach gi wier.
Mindestloun muss duergoen, fir net aarm ze sinn, mee eng Hausse dierf net ze “sec” sinn
Um Freideg de Moie wollte mir dann awer och gewuer ginn, ewéi d’ADR zum Mindestloun steet. Den Aarbechtsminister Marc Spautz schafft mat der IGSS Referenzwäerter aus, mee huet nach kee Montant genannt. D’Patronat seet de Mindestloun dierf net erop. Den OGBL huet eng Hausse vun 10% gefuerdert.
Den ADR-Fraktiounschef huet sech op keen Taux oder Montant festgeluecht, mee d’Positioun vu senger Partei wier, datt de Mindestloun misst duergoen, fir net an Aarmut ze falen an dat wier aktuell net de Fall.
Et kéint een allerdéngs ënnerscheeden tëscht Leit, déi méi hunn oder manner a Leit, déi hei am Land wunnen a méi Käschten hunn a Frontalieren. Hien huet och Versteesdemech ausgedréckt fir d’Patronat. Dowéinst dierf een eng Hausse vum Mindestloun net ze “sec” maachen. Et misst mateneen diskutéiert ginn, sou nach de Fred Keup.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.