
Wann esou e Band ronderëm en Uebstbam hänkt bedeit dat jo, datt ee sech do zerwéiere kann.
Zu Lëtzebuerg huet de Landwirtschaftsministère déi Initiativ viru fënnef Joer agefouert, fir datt manner Liewensmëttel verbëtzt ginn.
Uebst, dat soss dacks erof fält a fault, gëtt op déi Manéier valoriséiert an anengems ginn d'Leit fir eng lokal a saisonal Ernierung an d'Biodiversitéit sensibiliséiert. Ganz niewebäi gëtt och nach dacks de Kontakt tëschent de Leit gestäerkt.
Zu Villerupt hänkt un 69 Beem e gielt Band, donieft maachen och d'Gemengen Audun-le-Tiche a Boulange mat, wann och mat manner Beem. Bei eis ginn et scho 75 Gemengen déi am Boot sinn an dat gielt Band hänkt u ronn 4.500 Beem.

D'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen seet, et géif och fläisseg gepléckt ginn a se wier ganz houfreg, datt en einfache Projet, fir eppes géint d'Liewensmëttelverschwendung ze maachen, och iwwert d'Grenzen eraus Fouss faasse kann.
Informatiounen iwwert d'Gemengen, déi matmaachen, wou déi 4.500 Beem stinn a wéi en Uebst een do plécke kann, fënnt een op antigaspi.lu.