RTL-InformatiounenFrançoise Hetto-Gaasch demissionéiert, Max Hengel iwwerhëlt

Roy Grotz
An der Chamber kënnt et fir de Joreswiessel zu engem personelle Changement op den Oppositiounsbänke vun der CSV.
© pressphoto Archiv

D'Ost-Deputéiert an aktuell Schäffin vun der Gemeng Jonglënster, d'Françoise Hetto-Gaasch, demissionéiert nämlech vun hirem Deputéierten-Posten.

RTL-Informatiounen no gëtt d'laangjäreg Mataarbechterin vun eisem Medienhaus duerch den Nächstgewielten op der CSV-Ost-Lëscht Max Hengel ersat.

Bei de Walen 2018 war d'Françoise Hetto-Gaasch Éischtgewielt mat engem Ecart vun 2.000 Stëmmen op d'Octavie Modert. Fir den Ostbezierk stellt d'CSV 3 Deputéiert.

2004 war d'Madamm Hetto eng éischte Kéier an d'Chamber komm. Tëscht 2009 an den Neiwalen 2013 war d'CSV-Politikerin als Ministesch responsabel fir Mëttelstand, Tourissem a Chancëgläichheet. Tëscht 2007 an 2009 war d'gebierteg Diddelengerin och 2 Joer laang Lënster Buergermeeschtesch.

Mam 44 Joer ale Max Hengel réckelt e Politolog an Historiker no, deen an der CSV-Fraktioun schafft a bis zejoert Buergermeeschter vu Wuermer war a vum Mathis Ast ersat gouf.

Um 14 Auer war dann och d'Confirmatioun um Facebook-Optrëtt vun der CSV:

Back to Top
CIM LOGO