De Chômage partiel soll nach bis Enn Mee fir den Horeca-Secteur verlängert ginn. Doriwwer si sech den Daachverband an den Aarbechtsminister Dan Kersch en Dënschdeg op enger Versammlung eens ginn. Wéi et nom Mount Mee soll virugoen, bleift ze klären.
Den zoustännege Minister hätt kloer ze verstoe ginn, datt den Horeca-Beräich och am Juni weider soll mat der Optioun fir Kuerzaarbecht ënnerstëtzt ginn. D'Konditioune wieren awer ofhängeg dovun, ewéi d'Covid-Gesetz an d'Restriktiounen déi nächste Méint evaluéieren.
Bis ewell hat et geheescht, datt just nach 50% Kuerzaarbecht vu Mee u bezuelt gëtt a vu Juli u guer keng méi. De François Koepp, Generalsekretär bei der Horesca:
„Fir de Mee schéngt et elo effektiv nach esou ze sinn, datt mer mat deenen 100% virufueren ewéi mer se aktuell hunn. Et ass jo esou, datt mer keng ganz Ouverture wäerten hunn. Et wäert eng Ouverture mat Konditioune sinn, dofir huet de Minister sech engagéiert, d'Mesurë fir den Ament emol zeréckzebehalen."
D'Betriber wiere gefuerdert hir Hausaufgaben ze maachen. Dat wier awer schwiereg, esou d'Horesca, well een net wéisst, wou een hi stéiert, respektiv wou et hi geet.
„Et ass kloer an et schéngt och esou an dëser Reunioun erauskomm ze sinn: D'Entreprisë wäerte missen an Zukunft mussen driwwer iwwerleeën, ob se alleguer hir Mataarbechter nach an Zukunft brauchen. Oder, wann déi Kris sech virun zitt a mer nach ëmmer net voll schaffe kënnen, ob eng Partie vun de Leit net méi kënnen am Betrib bleiwen", huet de François Koepp ënnerstrach.
Wéi et duerno weidergeet, sief dat mat engem sektorielle Plan de maintien dans l'emploi mat de Gewerkschaften oder iwwer de Konjunkturkommitee, wier nach ze klären.
„Ob mir da vu Mount zu Mount virufueren, fir ze kucken, wéi et grad ass, wéi d'Ouverturë grad wieren, deemno wéi eng Fermeture géif ausgesinn, misst dann am Comité de conjoncture e Konsens fonnt ginn, fir wéi de Betrib kéint virufueren."
Ma fir Planungssécherheet ze hunn, fir sécher ze sinn, wat bis Enn dës Joers leeft, misst een op de Wee vun engem Plan de maintien dans l'emploi sectoriel goen, esou nach de Generalsekretär.
Just nach 50% Kuerzaarbecht vu Mee un, vu Juli u guer keng méi. Dat sollt den Horeca-Betriber bléien. D’Federatioun Horesca an den Aarbechtsminister wiere sech awer en Dënschdeg eens ginn.
Dass am Fall vun enger konditionneller Ouverture am Mee weiderhi bis zu 100% Kuerzaarbecht kann ugefrot ginn. Dat sot eis de Generalsekretär vun der Horesca.
Wéi et duerno weidergeet, ob mat engem sektorielle Plan de maintien dans l’emploi oder iwwer de Konjunkturkommittee, misst nach gekläert ginn.
