Prozess géint de Maître Gaston VogelFräisproch fir déi dräi ugeklote Parteien

Diana Hoffmann
E Freideg gouf d'Urteel am Prozess, bei deem ë.a. de Maître Gaston Vogel wéinst Opruff zum Haass an Diskriminatioun viru Geriicht stoung, verkënnegt.
Extrait Anne Prüm
D'Affekotin vum Gaston Vogel iwwert de Fräisproch viru Geriicht.

Fräisproch fir de Maître Gaston Vogel. Him gouf Opruff zum Haass an Diskriminatioun virgehäit. Dëst, wëll hien an engem oppene Bréif viru 6 Joer rumänesch Heescherten an der Haaptstad mat Wieder wéi racaille, dégeulass a puanteur beschriwwen hat. Viru Geriicht hat hien awer erkläert, datt eigentlech déi organiséiert Heescherei mat sengem Bréif viséiert war. Ma hie war net deen eenzegen, deem de Prozess gemaach gouf.

Urteel Gaston Vogel / Reportage Diana Hoffmann

Nieft him Ugeklot waren och nach e fréiere Journalist vum Lëtzebuerger Journal an CLT-Ufa, d'Mammenhaus vun RTL. Dëst wëll si de Bréif verëffentlecht haten. Och fir dës zwou Parteie goung de Prozess mat engem Fräisproch op en Enn. A wéi dat bei engem Urteel och üblech ass, relativ séier. Weder de Maître Gaston Vogel nach ee vun sengen Affekoten d'Lydie Lorang oder de François Prüm ware present. Wat awer bei engem Urteelssproch, deen an dësem Fall keng 5 Minutte gedauert huet, net onüblech ass. Vertruede goufe si da vum Anne Prüm. D'Affekotin huet sech zefridde gewisen, eppes anescht wier net erwaart ginn:
 
"Mir sinn natierlech ganz frou mat dësem Prononcé. Et ass och déi aller eenzeg Decisioun, déi an dësem Fall ubruecht an akzeptabel fir den Här Vogel war. Mir wäerten natierlech méi wéi sécher hei net Appell maachen".

Extrait Anne Prüm
D'Affekotin vum Gaston Vogel iwwert de Fräisproch viru Geriicht.

 
Wärend dem Prozess virun engem Mount hat dann de 84 Joer ale Gaston Vogel ëmmer erëm drop higewisen, datt et him a sengem Bréif net ëm Heescherei am allgemenge gaange wier, mä ëm déi organiséiert a kriminell Heescherei. De Parquet hat awer net fonnt, datt dat esou kloer aus dem Bréif ervirgaange wier. Schliisslech war an dësem just vun Heescherten aus Rumänien riets. De Gaston Vogel huet sech awer skandaliséiert gewisen, a sech souzesoen als Fan vun de Roma ausgeschwat, mat enger grousser Empathie fir dës. Den Dag, wou hien de Bréif verfaasst huet, war hien an engem Zoustand vu Roserei, well näischt an der Staat géint déi organiséiert Heescherei ënnerholl géing ginn. An dat bis haut net.
 
Et wier awer scho méiglech, datt esou e Bréif zu Haass-Gefiller géigeniwwer Heescherte féiere kann, hat de Procureur a sengem Requisitoire festgehalen, an eng ubruechte Geldstrof fir de Gaston Vogel gefrot. Fir d'Press, also CLT-Ufa an de fréiere Journalist vum Journal, hat hien dann eng Suspensioun vum Urteel festgehalen. D'Defense vun dësen zwou Parteien hat an dësem Fall de Fokus vun hirer Plaidoirie op d'Meenungsfräiheet vun der Press geluecht.
 
Festgehale gi kann dann um Enn, dass de Bréif wuel bestëmmte Leit duerch de Choix vun de Wieder, déi alles aneres ewéi elegant gewielt waren, wuel blesséiert huet. Den Tatbestand vum Opruff zum Haass an Diskriminatioun huet en de Riichter no awer net erfëllt.

Back to Top
CIM LOGO