Äntwert op parlamentaresch FroFräiberufflech Medezinner kréien 200 chirurgesch Maske vun der Santé

RTL Lëtzebuerg
Der Gesondheetsministesch no wär dat déi 3. Verdeel-Aktioun vu Masken zanter dem Ufank vun der Pandemie.

"Am Hibléck op d'Reprise vun den Aktivitéite vun den Dokteren an Zänndoktere kritt all Medezinner, dee fräiberufflech schafft, vum Gesondheetsministère 200 chirurgesch Masken": Dat schreift d'Paulette Lenert an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierte Carole Hartmann a Claude Lamberty.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum Carole Hartmann a Claude Lamberty

Back to Top
CIM LOGO