Esch/UelzechtFoussgänger vu 4 Männer ugegraff an iwwerfall

RTL Lëtzebuerg
Am Garer Quartier gouf et en Dënschdeg den Owend géint 18 Auer e brutalen Iwwerfall op e jonke Passant.

Hie gouf vun den Täter bedrängt an opgefuerdert, hinne säin Telefon ze ginn. Nodeems si weider Drock ausgeüübt hunn, huet d'Affer hinne Boergeld ginn, dat hien huet missen ophiewe goen. Si hunn donieft och Kopfhörer matgoe gelooss.

Déi 4 Männer hunn hien du gezwongen, hinnen an d'Rue Burgoard nozegoen, wou si hien an engem donkelem Eck mat der Fauscht geschloen hunn. Eng zweet Persoun huet de Passant um Hals geholl a weider menacéiert. Et ass dem Affer dunn iergendwann gelongen, sech duerch d'Bascht ze maachen.

Soss nach am Lokalen

Wéinst sengem rasante Fuerstil ass en Automobilist géint 21.30 Auer der Police opgefall. Hie war zu Déifferdeng vun der Montée du Haut Wangert an d'Avenue de la Liberté (Richtung Nidderkuer) ënnerwee. Wéi hien op d'Beamte vun der Police opmierksam gouf, ass de Fuerer net stoe bliwwen, mä séier weidergefuer.

Wéi d'Gefier konnt gestoppt ginn, huet de Chauffer eng Bull Kokain zur Fënster ausgeheit. Donieft huet sech erausgestallt, dass hien ënner Alkoholafloss ënnerwee war. Och den Drogentest ass positiv ausgefall. De Mann krut de Permis op der Plaz ewechgeholl a krut e provisorescht Fuerverbuet. Wéinst dem Verstouss géint d'Ausgangsspär gouf hien och protokolléiert.

Ëm déi selwecht Zäit war eng Persoun zu Senneng mam Auto ënnerwee. Och hei ass den Drogentest positiv ausgefall. Den Automobilist hat eng Tut Marihuana dobäi. Hie gouf wéinst Drogebesëtz protokolléiert.

Am Lokale mellt de CGDIS e Kummer-Brand en Dënschdeg den Owend géint 22.15 Auer an der Avenue Victor Hugo an der Stad. D’Stater Secouriste waren op der Plaz. Et gouf kee Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO