DiddelengFlüchtlingen an engem Camion entdeckt

RTL Lëtzebuerg
Um Terminal vum Multimodal zu Diddeleng hat e Freideg de Moien e Camionschauffer verdächteg Geräischer aus sengem Unhänger héieren.

Well hie gefaart huet, datt Leit dobanne wieren, huet hien d'Police alarméiert. Bei enger Iwwerpréiwung goufe véier Persoune fonnt. Si haten d'Batsch vum Camion opgeschnidden, fir eranzeklammen.

Déi véier Männer sinn eegenen Aussoen no Flüchtlingen aus Eritrea, déi a Richtung England ënnerwee waren. Eng speziell Unitéit vun der Police, déi sech mat esou Fäll beschäftegt, huet d'Enquête opgeholl an d'Persounen an den Ausseministère bruecht, wou weider Mesure geholl ginn.

Back to Top
CIM LOGO