Schnéiflom iwwer LëtzebuergFlott Andréck vun der Wanterlandschaft

RTL Lëtzebuerg
Op ville Plazen am Land ass de Schnéi e Samschdeg leie bliwwen. Éischt Flacke si schonn e Freideg de Moien erofkomm.

E Samschdeg am Laf vum Moie war plazeweis mat Schnéi ze rechnen, besonnesch am Norde vu Lëtzebuerg. Wat ee méi Richtung Musel geet, wat sech méi Reen drënner gemëscht huet. Nomëttes sinn och dréche Momenter z'erwaarden. D'Grenz, wou de Schnéi a Reen iwwergeet, pendelt de ganzen Dag iwwer tëschent 300 a 400 Meter, bäi Wäerter tëschent -1 an 2 Grad. Och de Rescht vum Weekend geet esou weider, mat ëmmer erëm Schnéi oder Schnéireen-Schaueren.

Fotoe vun eise User

Meteolux hat eng Wiederwarnung vun e Freideg den Owend 18 Auer bis e Samschdeg de Moie 7.59 Auer erausginn. Am Süde gouf mat engem bis dräi Zentimeter Schnéi gerechent, am Norden esouguer mat bis zu 6 Zentimeter.

Les premiers flocons au Luxembourg
La neige est tombée vendredi sur plusieurs régions du Grand-Duché, surtout dans le nord du pays. Voici les premières impressions!

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder?

Back to Top
CIM LOGO