WirtschaftsministèreFir den Dezember goufe 616 Ufroen op Chômage partiel accordéiert

RTL Lëtzebuerg
Am November huet de Wirtschaftsministère fir de Mount Dezember 616 Demanden op Chômage partiel accordéiert - dovu wäerte bal 11.000 Salariéë betraff sinn.
Symbolfoto.
Symbolfoto.
© afp

Vun deene 616 accordéierten Ufroe war de Groussdeel op d'Pandemie zeréckzeféieren, wéi de Wirtschaftsministère an engem Communiqué de Freideg schreift: 534 Demande goufen an deem Kader traitéiert.

61 accordéiert Ufroe koumen aus dem Produktiounssecteur, 20 waren op d'Héichwaasser vum 14. a 15. Juli zeréckzeféieren a ginn als Resultat vun enger Force majeure agestuuft. Ee Fall war op wirtschaftlech Ofhängegkeet zeréckzeféieren.

Back to Top
CIM LOGO