Suivi Tornado Käerjeng/PéitengFinale Rapport iwwert d'Verdeelung vun de Spende gouf public gemaach

RTL Lëtzebuerg
Am August virun zwee Joer hat en Tornado am Süde vum Land vill Schued ugeriicht.
© RTL-Archiv

De finale Rapport iwwer d'Opdeelung vun den Done gouf e Méindeg vun de Gemenge Käerjeng a Péiteng un d'Press geschéckt.

Déi zwou Associatiounen ''Käerjeng hëlleft'' an ''Fir e gudden Zweck - Gemeng Péiteng'' konnten 1.025.619,42€ sammelen. D'Done koume vu Bierger, Gemengen, Entreprisen an Associatiounen aus dem ganze Land.

1.746 Spende sinn u "Käerjeng hëlleft" gaangen, 79 dovunner an enger Héicht vun iwwer 1.000€. 1.737 Done goungen u ''Fir e gudden Zweck - Gemeng Péiteng'', dovunner 84 iwwer 1.000€.

E Comité, dee fir de Suivi zoustänneg ass, huet déi éischt Tranche vun den Donen am Juni zejoert am Kader vun eligibelen Dossiere verdeelt.

Aktuell goufe schonn ëm 980.000€ iwwerwisen.

PDF: Rapport final répartition dons

Back to Top
CIM LOGO