
D’Police mellt en Abroch an der Route de Longwy zu Péiteng um Sonndegmoien. Nodeems eng Patrull bei engem Eefamilljenhaus eng futtis Fënster entdeckt hat, konnte kuerz drop direkt fënnef Männer bannen ugetraff ginn. Bei der Kontroll huet d’Police bei engem vun hinne geklaute Géigestänn, Pefferspray an e Messer fonnt. Alle fënnef koumen op de Policebüro, et gouf Protokoll erstallt an de Besëtzer krut déi geklaute Géigestänn zréck.
Am Nomëtte koum et dunn zu engem Iwwerfall zu Bouneweg, bei deem zwee Onbekannter zwou Frae gestouss a beklaut haten. Och wann d’Täter et net fäerdeg bruecht haten, engem vun den Affer den Handy ze klauen, sou konnte si sech um Enn awer mat Boergeld dovunner maachen. D’Police huet d’Ermëttlungen opgeholl.