
Um 5.55 Auer krute sech zu Nidderkäerjeng an der Rue Jules Hemmer dräi Autoen ze paken. D’Ambulanciere vun Esch an aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng hu sech hei ëm dräi blesséiert Persoune gekëmmert. Donieft waren och d’Pompjeeë vu Käerjeng op der Plaz.
Géint 9.40 Auer goufen dunn zwou Persoune bei engem Accident tëscht zwee Autoen an der Rue des Primeveres an der Stad blesséiert. D’Ambulancieren aus der Stad a vu Mamer waren hei am Asaz, grad ewéi och d’Mamer Pompjeeën.