CGDISFënnef Blesséierter bei Accidenter am Laf vun Dënschdegowend, dovunner dräi zu Hamm

RTL Lëtzebuerg
Insgesamt dräi Accidenter gouf et am Laf vum Dënschdegowend op verschiddene Plazen am Land.
Asazgefierer vum CGDIS
© Laurent Weber

Um CR162 tëschent Elleng a Fëlschdref hat sech kuerz virun 18 Auer e Cyclist bei enger Cute blesséiert. Am Asaz waren d'Secouriste vu Munneref a Beetebuerg.

Um 21:26 Auer gouf et fir d'Escher Secouristen en Asaz zu Esch um Boulevard Aloyse Meyer, wou eng Persoun bei enger Kollisioun tëschent engem Auto an engem Motorrad verwonnt gouf.

Kuerz no 22 Auer dann en Accident zu Hamm um Boulevard Nelson Mandela: Hei sinn zwee Autoen net laanschtenee komm an et goufen direkt dräi Persoune blesséiert. D'Stater Rettungsdéngschter waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO