
Wéi d'Police op d'Plaz komm ass, waren d'Pompjeeë schonn am Gaange mat de Läschaarbechten. Well Brandstëftung net ausgeschloss ka ginn, gouf de Parquet informéiert, deen doropshin eng Enquête an d'Weeër geleet huet.
D'Strooss war wärend de Läschaarbechten zäitweis fir de Verkéier gespaart.