Keng prioritär ImpfungFederatioun vun de Pompes Funèbres: Santésministesch soll Decisioun iwwerdenken

RTL Lëtzebuerg
D'Federatioun vun de Pompes Funèbres weist sech an engem Communiqué iwwerrascht iwwert d'Äntwert vun der Paulette Lenert op eng rezent parlamentaresch Fro.

Hei huet d'Gesondheetsministesch präziséiert, datt d'Doudegriewer net prioritär solle geimpft ginn. Dat ënnert anerem, well si sech an der Morgue an net an den Zëmmer vun de Patienten ophale géifen.

Dorop reagéiert déi zoustänneg Federatioun e Mëttwoch de Moien an engem Schreiwes. D'Hallschent vun de Covid-19-Stierffäll wieren net an engem Spidol. A ville Fleegeheemer, an deenen d'Pompes Funèbres och ënnerwee sinn, géif et awer guer keng Morgue ginn. An och wann e Verstuerwene misst doheem ofgeholl ginn, wieren d'Mataarbechter aus där Branche engem méi héijem Infektiounsrisiko ausgesat a si géifen och riskéieren, anerer unzestiechen.

An den Ae vun der Federatioun ass de Risiko fir d'Doudegriewer grad sou héich wéi zum Beispill vun Ambulancieren. Si fuerdert d'Gesondheetsministesch deemno op, op hir Decisioun zréckzekommen.

De Magazin vum 18. Januar 2021
Eis Themen haut: d'Corona-Erausfuerderungen fir Doudegriewer, "Drifter" zerstéieren Felder an de Suivi vun der Success Story Reiskocher.

PDF: Schreiwes vun der Fédération des Entreprises de Pompes Funèbres

Back to Top
CIM LOGO