
"D'Fräiwëllegkeet geet einfach net duer!" Dat war eng vun de Käraussoen de Freideg de Mëtteg op enger Pressekonferenz vun der Initiative "Devoir de Vigilance", déi weider fuerderen, datt mer hei zu Lëtzebuerg e Liwwerkettegesetz kréien. Mir bräichten e nationaalt Gesetz, dat Betriber zwéngt, sech fir de Respekt vun de Mënscherechter an der ganzer Liwwerketten anzesetzen. Dat soen déi 17 ONGen a Gewerkschafte vun der Initiativ an hunn an tëscht och Entreprisen aus dem Finanz- a Bausecteur, déi hinne bei där Fuerderung de Réck stäipen.
D'Affer vu Mënscherechtsverletzungen an de Liwwerketten hätte keng Méiglechkeet, zu hirem Recht ze kommen, huet de Jean-Louis Zeien vun der Initiativ betount. Duerch d'Pandemie hätt sech d'Situatioun doriwwer eraus nach verschlëmmert. 9 Millioune Kanner géifen duerch Corona riskéieren, a Kanneraarbecht ze rutschen: "D'Zuel vun de Kanner, déi weltwäit schaffe mussen, läit scho bei 160 Milliounen. Dat ass bal all 10. Kand! Wéi kann een deen Alarm net héieren?"
Et kéint an dierft dofir net sinn, datt een nach emol x Joren drop waart, datt en EU-Reglement ëmgesat géif ginn. Dofir wier een der Meenung, datt een national méi séier an deem Beräich viru kéim. Nodeems am Februar vun dësem Joer sech ewell 32 Entreprisen aus aacht verschiddenen ekonomesche Secteure fir esou e Gesetz ausgeschwat hunn, kommen elo 14 weiderer dobäi, dorënner och aus dem Finanzsecteur.

De Jean-Louis Zeien betount, datt et esou Gesetzer an eise Nopeschlänner scho ginn: "A Frankräich zanter 2017, an Holland ass fir den 1. Februar 2022 e Gesetz iwwer Kanneraarbecht virgesinn. An Däitschland gouf elo den 11. Juni dëst Joer am Bundestag iwwert d'Liwwerkettegesetz ofgestëmmt, an der Belsch läit zanter Abrëll e Gesetzesvirschlag um Dësch vum Parlament."
Dem Kaspar Wansleben, Exekutivdirekter vun Investing for Development no, kéint een net ëmmer op europäesch Decisioune waarden, fir eppes ëmzesetzen. Hien erkläert, wéi ee Rôle de Finanzsecteur an de Liwwerkette spille kann: "Mir mussen eis schonn am Detail domat beschäftege mussen als Secteur, wat konkret geschitt, wou sinn d'Risiken, wou sinn d'Aarbeschtsstandarte wackeleg, wou gëtt et e Risk, datt Kanneraarbecht a Secteuren ze fannen ass, a wat mécht een, fir op de Wee ze kommen, fir d'Situatioun ze verbesseren."
Och fir de Gérant vu Rinnen Constructions générales geet et net duer, op d'Fräiwëllegkeet vun de Betriber ze sëtzen. De Bob Rinnen seet dozou: "Wann mer higinn a probéieren, Reegelen anzeféieren, an hunn awer keng Reegele fir Betriber déi an der Liwwerkette sinn an aus dem wäitem Ausland kommen a sech u keng Standarden halen, souwuel ëmwelttechnesch wéi wat Mënscherechter betrëfft, sinn och Produzenten hei an der Géigend, déi hire Produit net méi kënnen ubidden, well gekuckt gëtt, wat dat Bëllegst ass an net gekuckt gëtt, wou et hierkënnt."
Datt fräiwëlleg Mesuren zu bal näischt féieren, verdäitlecht de Jean-Louis Zeien un engem konkrete Beispill. Virun 20 Joer wier e Protokoll ënnerschriwwe ginn am Kakao-Beräich. D'Schokolasindustrie hätt sech deemools fräiwëlleg engagéiert, fir datt no fënnef Joer keng Kanner méi a Plantagen am Ghana oder op der Côte d'Ivoire géife schaffen. Dat Eenzegt, wat allerdéngs geschitt wier, wier datt d'Echeance permanent ëm Jore verréckelt ginn ass: "Ech well net soen, datt an all deene Joren näischt geschitt ass. Mee elo 20 Joer dono ass de Constat, dee virun engem Joer gemaach gouf, datt 1,5 Millioune Kanner am Ghana an an der Côte d'Ivoire schaffen. 95% maache geféierlech Aarbechten."
Beispiller aus de Nopeschlänner géife weisen, datt national Gesetzer méiglech an och nëtzlech sinn, huet d'Initiative Devoir de Vigilance nach ënnerstrach. Zu Lëtzebuerg ass iwwerdeems eng Etüd am Optrag vum Ausseministère gemaach ginn, déi festgehalen hat, datt eng réng fräiwëlleg Approche net duer géif goen. E Comité interministeriell schafft aktuell um Sujet a soll elo am Hierscht seng Conclusiounen op den Dësch leeën.