ZeienopruffFahrerflucht no Materialschued op der Wemperhaart

RTL Lëtzebuerg
De 27. November um kuerz virun 18 Auer ass et zu dësem Virfall op der N7 komm, dat op der Héich vum Rond-point beim Akafszenter.
© RTL Archiv

Nodeems e Camion den entgéintgesate Wee an de Kreesverkéier gefuer war, wollt dëse mat sengem Gefier no hannerzeg fueren. Dobäi gouf e Verkéiersschëld beschiedegt, dat kuerz virum Rond-point opgestallt war.

De Camionschauffer ass awer net stoe bliwwen, ma ass a Richtung "Schmëtt", bei der belscher Grenz, weidergefuer.

De Camion selwer war wäiss mat roudem Unhänger.

Persounen, déi zu deem Zäitpunkt op dëser Plaz waren an eventuell Informatiounen iwwert de Camion kéinten hunn, solle sech bei der Police um 244-871000 mellen. Alternativ eng Mail op police.troisvierges@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO