
Firwat gëtt et de Grupp „MATENEE géint de Covid-19, #firiech, #mateis"? Desinformatioun an Haass op sozialen Netzwierker hätten dozou gefouert, datt eng Partie Bierger sech zesumme gedoen hunn, fir eng nei Plattform ze grënnen, esou d'Simone Bleser.
D'Zil wier et, fir opzeklären: Souwuel iwwer de Virus, wéi och iwwer d'Impfung, dat op eng medezinesch a wëssenschaftlech fondéiert Aart a Weis, ouni Desinformatioun, Provokatioun, Beleidegung an Haass.
De Grupp soll keng Géigebeweegung zu anere Mouvementer oder zur Politik sinn an et géif keng Stëmmung géint kee gemaach ginn, betount d'Simone Bleser: Dat zweet Zil ass, datt souwuel geimpften, wéi net-geimpfte Leit wëllkomm sinn, déi bereet sinn, iwwer hir Ängschten a Suergen ze schwätzen an déi och am Grupp ze deelen.
Medezinner a Santéspersonal wiere mat u Bord a géinge generell medezinesch Froe beäntweren. Natierlech géing d'Plattform keng Consultatioun bei engem Dokter ersetzen, sou d'Simone Bleser. Den Echo bei de Leit wier grouss, zum Beispill géinge Froen zur Kannerimpfung gestallt ginn an d'Politik géing encouragéiert ginn, adequat Moossnamen ze huelen:
Den drëtte Punkt ass, datt ee wëll no bausse weisen, datt e groussen Deel vun der Gesellschaft dee Virus nach ëmmer eescht hëlt an och bereet ass, sech weider un déi sanitär Mesuren ze halen an eventuell Restriktiounen, déi kommen, anzehalen, dat virun allem, fir de Gesondheets- a Fleegesecteur ze entlaaschten.
Eng Rëtsch Aktioune sinn nach geplangt, sou d'Co-Initiateurin Simone Bleser: Mir kéinten eis virstellen, kleng Videoen ze maachen, déi op eng sachlech a wëssenschaftlech Aart a Weis ronderëm de Virus an d'Impfung Erklärunge ginn. Jidderee soll op enger einfacher Sprooch Erklärunge kréien, fir eben Ängschten z'iwwerwannen.
D'Aktivitéite sollen online bleiwen, et plangt ee keng Aktiounen op der Strooss. D'Diskussiounen am Netz solle sachlech bleiwen. Wien aggressiv gëtt oder Haass verbreet, géif aus dem Grupp erausgehäit a gemellt ginn, sou nach d'Simone Bleser.
De Grupp huet entretemps bal 7.000 Memberen.
