
Nieft de méi groussen Hëtze-Extremer spillt och d'Dréchent eng grouss Roll an der Klimakris. Dat och um europäesche Kontinent, sief et am Bësch, mee och am Duerf oder an der Stad. Eng Dréchent, déi am Summer ëmmer méi prominent gëtt an iwwert de Wanter mat kuerzen, méi heftegen Nidderschléi kompenséiert gëtt, esou Experten. E Problem fir Wunnregiounen an e Risk fir Blëtz-Iwwerschwemmunge mat naasse Kelleren. An enger Konferenz organiséiert vum Mouvement Ecologique gouf en Donneschdeg den Owend iwwert de Reewaassermanagement zu Lëtzebuerg diskutéiert. Den Tim Morizet mat engem Iwwerbléck ewéi d'Situatioun zu Lëtzebuerg ass.
Eng Urbaniséierung, déi sech séier entwéckelt an nei, méi komplex Ufuerderungen u Waasserleitunge stellen, stellt d'Politik a munche Stied a Regiounen uechter d'Welt viru gréisser Erausfuerderungen.
Hei gi beim Wunnengs-, Industrie-, Landschafts-, a Stroossebau nei innovativ Léisunge gefuerdert, déi gläichzäiteg schounend mat der Ressource Waasser ëmginn. Déi problematesch Plaze sinn dobäi dacks hausgemaach, esou d'Elke Kruse, Landschaftsarchitekt a Spezialistin vu Lübeck.
"Dat eent ass, datt d'Fläch weider versigelt gëtt. Mir schaffe konstant nei Bau-Gebidder aus fir de Wunnengsbau oder fir d'Industrie. Dat anert, wat de Problem aggravéiert, ass d'No-Versigelung am aktuelle Bestand. Dat ass och e politescht Zil am Kader vum Klimaschutz, fir manner Terrain nei ze bebauen, mee déi bestoend Fläche weider ze verdichten."
Wéinst de ville Stroossen a Parkinge géifen dacks natierlech, gréng Flächen, déi d'Waasser oflafe loossen, verschwannen, esou d'Spezialistin. E Problem fir vill al Stied.
"Duerch déi Flächeversigelung gëtt méi Reewaasser ugesammelt, deen an iergendenger Form bewirtschaft muss ginn. Déi bestoend Kanalnetzer goufe meeschtens am Passé ni fir esou Luedungen u Waasser dimensionéiert an einfach upassen, geet och net ëmmer."
Dat dacks well d'Plaz einfach net do ass. Dofir gi Quartieren, wéi et och zu Lëtzebuerg ëmmer méi dacks de Fall ass, waassersensibel gebaut – Beispiller ginn et am ganze Land, esou d'Stéphanie Smit, Chargée d'étude beim Waasserwirtschaftsamt.
"Zum Beispill d'Cité du Soleil zu Beetebuerg. Hei ass zentral gekuckt eng gréng Fläch, déi mat Mulden a Frigole geflut gëtt. Oder um Campus Kierchbierg – hei ass e komplette Schoulkomplex mat Grief a Strukturen entwässert ginn. Hei gëtt et och en zentral Réckhalbecken, wat d'Waasser och dauerhaft opstaut."
Am Kader vum Reewaasser-Leedfuedem, enger Initiativ vum Waasserwirtschaftsamt, wieren eng Rëtsch esou Projete mëttlerweil ëmgesat ginn. Ma dacks géif et nach un der Volontéit bei den Acteuren um Terrain feelen, oder och de Finanzen.
"Et awer ëmmer nëmme Linne fir ze guidéieren. Mir mussen ëmmer mam Wëlle vun de Besëtzer, Promoteuren an de Gemenge plangen. Mir kënnen net alles virschreiwen. Mir kënne warscheinlech duerch Subventioune motivéieren, mee mir kennen et net einfach virschreiwen."
Virun allem bei Neibaute gi des Infrastrukturen dacks matgeduecht, de Problem leit awer nach a méi urbaniséierte Regiounen. Nei Technologië géif d'kuerzzäiteg späichere vum Waasser awer um Daach zouloossen, esou d'Elke Kruse.
"Sou, datt ee soe kann, datt quasi de komplette Reen um Daach behalen. Dat ass natierlech intressant a Géigende wou et soss schwiereg ass d'Ofwaassersystemer unzepassen an nei Konzepter ze entwéckelen. Da kann een op d'mannst scho mol Flächen um Daach aus der Rechnung eraushuelen."
Dobäi géif een d'Temperatur, déi iwwert den Daach an d'Gebai erakënnt, och gläichzäiteg ëm bis zu 15 Grad ofkillen.