Am Fall, wou een a Kontakt mat enger positiver Persoun war, gëtt all Dag getest. Wann 2 Kanner positiv getest goufen, muss d'Klass net méi komplett a Quarantän, sous condition, datt d’Kanner all Dag e Schnelltest maachen. Eréischt wann 3 Kanner positiv getest goufen, muss eng Klass a Quarantän goen.
Dës gëllt dann och am ausserschoulesche Beräich. Eng Maskeflicht gëllt da just fir eng Woch wärend dem Unterrecht, wann eng Persoun positiv getest ginn ass.
Et hätt een och Infektiounskette gehat, wou bis zu 7 Schüler an enger Klass betraff wären, mä et hätt een d'Well kënne briechen, datt se net Klassen iwwergräifend ginn ass, sou de Minister.