
Eng Rees fir Schüler op d'Weltausstellung zu Dubai 2020 hat nawell fir ferm Kritik gesuergt. Elo sollen d'Informatiounsversammlunge fir d'Schüler vun den zoustännegen 3ièmes Klassen, déi fir Januar geplangt waren, annuléiert gi sinn.
Et soll eng alternativ Formule fonnt ginn, fir d'Schüler adequat z'informéieren an dat a Forme vu Flyeren.
Um Concours selwer gëtt näischt geännert, ebe just iwwert d'Manéier wéi driwwer informéiert gëtt, heescht et aus dem Educatiounsministère.
Schüler-Rees op Dubai: Mouveco an Déi Gréng kritiséieren den Educatiounsministère