
Gefuerdert gi kloer Datumer an datt d'Regierung Faarf bekennt, wéini dann lo Restauranten a Bistroten nees dierfe Clienten empfänken.
Den avancéierten Datum, fir datt op Päischtméindeg, den 1. Juni, nees kéinten op d'mannst Restauranten opgoen, krut de Secteur nach ëmmer net confirméiert - dëst sot den Horesca-President Alain Rix am Live-Interview am Mëttesjournal op RTL Radio Lëtzebuerg.
Gefuerdert gëtt en Opmaachen, zesumme vun alle Restaurante parallel mat de Caféen.
Et wier een op engem Punkt ukomm, wou et net méi géif goen, sou den Alain Rix, dee vehement revendiquéiert, datt am Horesca-Secteur ewell méindes, den 25. Mee d'Dieren nees opginn. Domat kéint een dann och vum Päischtweekend profitéieren.
