Kritik u JugendpsychiatrienEt feelt u Plazen, Personal a passende Strukturen

Tim Morizet
Lynn Cruchten
Betraffener an hir Famillje si reegelméisseg mat laange Waardelëschten oder feelender Betreiung konfrontéiert. Fir iwwer d'Problematik ze schwätzen, war d'Gesondheetsministesch Martine Deprez am RTL-Interview.
Jugendpsychiatrien: Et feelt u Plazen, Personal a passende Strukturen
Laang Waardelëschten oder feelend Betreiung sinn net seelen. D’Gesondheetsministesch Martine Deprez bezitt Stellung am RTL-Interview.

De Startschoss, deen d’Thematik nees opgerullt huet, war e Virfall Enn Februar am Lycée Michel Lucius. Eng jonk Schülerin hat hei eng aaner Schülerin mat engem Messer ugegraff a koum, amplaz vun der Unisec zu Dräibuer fir Jonker, op Schraasseg wéinst Manktem u Plaz. Wéi duerno bekannt gouf, sollt d’Schülerin am Fong schonns a jugendpsychiatresche Servicer behandelt ginn. Och hei gouf d’Therapie, wéinst Manktem u Plaz, no hanne verréckelt.

D’Simone Flammang, Procureur général d’Etat adjoint:
“Mir hunn och als Justiz-Autoritéiten d’Politik schonn e puer mol drop opmierksam gemaach. Mir kréien och ëmmer Hëllef zougesot, mee mir hunn awer net d’Gefill, datt dat esou seriö geholl gëtt, wéi et misst sinn.”

Den Opruff no Hëllef kennt vun allen Acteuren um Terrain.

Den Dokter Paul Hedo vun der SLPPP (Associatioun vun de Psychiateren, Kannerpsychiateren a Psychotherapeuten):

“Dat ass schonn 2010 an engem Audit gesot ginn, datt do Saache musse kommen. Notamment bei der ambulanter Versuergung muss nogebessert ginn. Déi pluri-disciplinär, de-zentral Versuergung. Am Regierungsprogramm steet, datt dezentraliséiert, ambulant Strukture fir Jonker an hir Famillen ze betreien. Bon, elo ass eng zu Wolz opgaangen, eng Dagesklinik. Dat ass ganz gutt. Et kënnt also – e bëssen – ambulant Versuergung dobäi. Mee do si mer awer wäit ewech vun enger flächendeckender Versuergung fir Kanner a Jugendlecher zu Lëtzebuerg.”

Wuelwëssend, datt de Projet zu Wolz 2017 geplangt gouf an 9 Joer bis zu Ouverture gebrauch huet.

Experten no misst och dréngend am stationäre Beräich nogebessert ginn. Zäitweis gëtt et punkto Betreiung enk. Jonk Patienten, déi net akut stationär behandelt musse ginn, kommen op Waardelëschten. Jugendlecher mat enger Angschtstéierung zum Beispill.

Den Dokter Gerhard Ristow, Jugendpsychiater an der nationaler Jugendpsychiatrie:

“Ich denke, dass es für betroffene Eltern immer schwer zu hören ist. Dass wir so knallhart aussortieren müssen. Im Sinne von: geht’s hier um Leben und Tod? Wenn nein, dann sucht euch einen niedergelassenen Kinder- und Jugendpsychiater.»

Mee och do ass et dacks schwiereg bäizekommen. An iwwert d’Land verdeelt ginn et 50 Plazen an Dagesklinicken. De grousse Problem am Land läit bei den zouen Ënnerbréngungen. Ewéi bei der Unisec, wou stroffälleg Jonker hikommen. Mee och am pedagogesche Beräich bréicht et zoue Strukture fir Jugendlecher, déi fortlafen.

«Dat sinn déi Kanner, déi vläicht nach keng psychiatresch oder net-psychiatresch relevant Problemverhalen hunn. Déi awer e Problemverhalen hunn a Form vun: mir entzéien eis duerch Fortlafen de pedagogesche Gegebenheeten. Dat ass en Thema, dat vill Kannerheemer beschäftegt. Lëtzebuerg huet guer näischt – null an deem Beräich.»

Et missten Krisen-Unitéiten fir déi Jonk, mee och déi Erwuessen an d’Spideeler kommen. Eng besser, méi strukturéiert Offer, wier néideg – ma hei wier zanter Joren näischt geschitt.

“Et steet ganz vill am Regierungsprogramm – mee et ass nach net vill implementéiert ginn”, sou den Dokter Paul Hedo.


Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO