
Fir Fäll vu Gewalt an der Schoul z’ënnerbannen oder ze geréieren, wäert an e puer Wochen en Aktiounsplang presentéiert ginn. Den Educatiounsminister Claude Meisch huet d’Informatioun vun déi Gréng wärend engem Debat an der Chamber zu deem Thema confirméiert.
En Debat, deen d’LSAP-Deputéiert Francine Closener an den CSV-Deputéierten Paul Galles ugefrot haten, nodeem zwee Schüler an der Primärschoul zu Dummeldeng ëmmer rëm gewalttäteg waren, mee besonnesch eng Schülerin vu 14 Joer aus dem Lycée Lucius eng aner mat engem Messer attackéiert a blesséiert huet. Beim Debat war e relativ klore Konsens queesch duerch d’Bänken, datt d’Schoul eng sécher Plaz soll si fir d’Kanner an d’Enseignanten. Affer misste geschützt ginn an Täter betreit a reintegréiert ginn.
Konsens gouf et notamment, datt méi kloer misst sinn, wien, wat, wéini mécht, wann et e Fall vu Gewalt an der Schoul gëtt. Den Educatiounsminister huet zouginn: “Mir musse besser ginn an der Kriseninterventioun”. Dofir misst ee sech awer och déi “heikel” Fro stellen “a wierklech op d’Wo leeën, wou mer méi staark wäerte mussen intervenéieren, fir d’Sécherheet vun all den anere Kanner an der Klasse, den Enseignanten an Educateuren z’assuréieren.”
Den CSV-Deputéierten Paul Galles huet et esou ausgedréckt: “méi Moyenen fir d’Enseignanten, fir duerchgräifen ze kënnen”. Klengt abstrakt, mee aus dem Debat konnt een timid Signaler a Richtung méi Sécherheet oder Respekt virun der Autoritéit an der Schoul spieren. De Piratendeputéierte Sven Clement war den Eenzegen, deen awer e legale Schutz fir Enseignanten, wann se musse physesch intervenéieren. suggeréiert. Den ADR-Fraktiounschef Fred Keup huet sech méi Stabilitéit net just duerch d’Famill, mee och d’Veräinsliewen oder d’Kultur erhofft.
De Claude Meisch huet op déi massiv Opstockung vu Personal fir Kanner mat spezifesche Problemer iwwert déi lescht Joren higewisen. Et misst weider méi a vläicht méi anescht gemaach ginn nach. Konsens gouf et parteiiwwergräifend, datt déi lokal, regional an national Acteuren besser nach matenee funktionéieren sollen. Fir de Minister kéint et “net kee” Kompetenzzenter fir eng spezifesch Situatioun ginn.
No Gespréicher mat den Direktere vu Kompetenzzentren wier iwwregens fir den Educatiounsminister kloer, datt den Ecran an den dräi éischte Jore vun engem Kand dHaaptursaach wier, fir sozio-emotional Problemer. D’Francine Closener wollt an deem Zesummenhang wëssen, wéini endlech Online Reseaue fir Kanner ënner 15 verbuede ginn? De Minister huet erkläert, d’Regierung wier kloer fir dëse Verbuet, mee et géingen nach Diskussiounen op europäeschem Plang lafen. Falls et do keen Accord géing ginn, géing d’Regierung hir Verantwortung iwwerhuelen.
Fir e Verbuet vun Tiktok a Co wier d’Justizministesch zoustänneg. Fir déi mental Gesondheet – e weidere Punkt, op deen d’Deputéiert opmierksam gemaach hunn - d’Gesondheetsministesch. Den Educatiounsministère géing un engem zweeten Intervenant an der Spillschoul schaffen an Informatiounscampagnen fir d’Eltere maachen. Donieft wier och eng Professionaliséierung vun der nationaler Inclusiounskommissioun ugeduecht.
Detailer konnt de Claude Meisch awer nach net ginn. Hien huet der grénger Deputéiert Djuna Bernard geäntwert, “gitt mir nach puer Wochen.”