Mam Fliger op LëtzebuergEt brauch ee weiderhin en negative Covid-Test, bis op d'mannst Mëtt Mee

RTL Lëtzebuerg
D’Santé an den Ausseministère hunn decidéiert, dass déi sanitär Mesurë bäibehale ginn, wann een e Fliger op Lëtzebuerg wëll huelen.

All Passagéier, dee méi al wéi 6 Joer ass, brauch jo en negative Corona-Test, deen net méi al wéi 72 Stonnen ass, ier een däerf an de Fliger. D’Test-Resultat muss een och schrëftlech derbäi hunn, op enge vun den 3 nationale Sproochen oder op Englesch, Portugisesch, Spuenesch oder Italieenesch.

Vun en Donneschdeg u brauche Leit, déi aus engem Net-EU-Land op Lëtzebuerg geflu kommen, dann awer um Findel net nach en zousätzleche Schnelltest ze maachen.

Detailer mat alle geneeën Explikatiounen zu Fluch-Reese fënnt een iwwerdeems op covid19.lu, ënnert dem Punkt iwwert d’Reesen.

Vun dësem Dënschdeg u gëllen an Däitschland iwwerdeems déi selwecht Reegelen. Och hei muss een en negativen Test kënne virleeën, ier een an de Fliger a Richtung Bundesrepublik ka klammen.

Back to Top
CIM LOGO