Mini-Entreprise mat SëtzsäckEsou ee Succès haten déi 14 Schüler sech net erwaart

Philippe Dondelinger
Eng 2ième aus dem Lycée Aline Mayrisch huet eng Entreprise gegrënnt, déi Säck produzéiert, déi mat recycléiertem Offall gefëllt sinn.
Mini-Entreprise mat Sëtzsäck
Eng 2ième aus dem Lycée Aline Mayrisch huet eng Entreprise gegrënnt, déi Säck produzéiert, déi mat recycléiertem Offall gefëllt sinn.

Wie gäre sëtzt, weess, dass een aus dëser Sëtzgeleeënheet schwéier eraus kënnt. D'Iddi ass net nei, an awer huet d'Klass aus dem Lycée Aline Mayrisch se an der Optioun "Mini-Entreprise" opgegraff.

Wa si net grad a Reunioune beschäftegt sinn an iwwert hir Verkafsstrategie diskutéieren, këmmere si sech den Ament nach selwer ëm d'Produktioun. D'Demande ass awer esou grouss, dass d'Schüler elo Ënnerstëtzung bei der Produktioun brauchen.

Mat recycléiertem Material, déi se vu Firme kréien, huet hiren Aarbechtsgrupp bis ewell alles selwer gemaach. U sech gouf all fräi Minutt niewent der Schoul an d'Mini-Entreprise investéiert. Ob Bitzen, Fëllen oder d'Commanden, alles hunn déi 14 Schüler selwer gemaach. E Partenariat mat der Ligue HMC, déi hinnen elo beim Bitzen hëlleft, huet hinne kloer gemaach, wat hir Ziler sinn: recycléieren an domadder en Deel zur Ëmwelt bäidroen.

Hir Geschäftsiddi geet awer nach méi wäit. Et soll net beim mat Styropor an änlech gefëllte Säck bleiwen. Et leie scho Pläng mat aneren Iddien am Tirang. An obwuel de Projet an der Schoul just ee Joer goe soll, wëllen déi 14 dono weidermaachen an dann am Summer hir Presenz och an de Parken an op aneren Events weisen.

2 Euro vum Akafspräis ginn un d'Lique HMC vu Capellen zréck. D'Ekipp huet also nach vill vir. E klenge Geheimtipp: eng Versioun mat engem Fläschenëffner um Eck soll deemnächst de Couch-Potatoen d'Liewen nach méi vereinfachen.

Back to Top
CIM LOGO