
Déi gutt Noriicht direkt um Ufank: Fraen, déi reegelméisseg bei de Gynekolog ginn an do e Frottis maache loossen, deen ënnersicht gëtt, hu quasi kee Risk, u Gebärmutterhalskriibs ze erkranken. Um Aktiounsdag fir d'Gesondheet vun der Fra wëll den LNS dorop hiweisen, wat den aktuelle Stand vun der Fuerschung ass a wéi wichteg d'Preventioun ass.
Vum Risk, Gebärmutterhalskriibs ze kréien, sinn all d'Fraen, déi schonn eemol Geschlechtsverkéier haten, betraff. Ausléiser sinn déi sougenannte Papilloma-Viren, déi beim Sex kënnen iwwerdroe ginn. Iwwer 200 ginn et der, 14 Zorten dovunner kënne Kriibs ausléisen. Kënnen, well och, wann een dës Viren a sech huet, wëll net bedeiten, datt een och Kriibs kritt, wéi den Dr. Marc Fischer, deen Zellanalysen am LNS bedreift, seet.
Eng reegelméisseg Kontroll ass trotzdeem wichteg, well geschat 10 bis 12 Prozent vun der Bevëlkerung esou Viren a sech droen, déi kënnen e Kriibs ausléisen. Vun enger Infektioun bis zu engem invasiven Ausbroch verginn am Schnatt 10 bis 15 Joer. Aus dësem Grond schéckt de Gynekolog reegelméisseg e Frottis vun engem Zellenofstréch aus dem Gebärmutterhals un den LNS. Hei gëtt deen dann op Anomalien ënnert dem Mikroskop ënnersicht. Falls souer entdeckt ginn, gëtt och e sougenannten Human Papilloma-Virus-Test, kuerz HPV-Test duerchgefouert. Dee weist dann, ëm wéi eng Virustippen et sech handelt.
Am LNS goufen 2019 eng 130.000 sou Screening-Analysen duerchgefouert. Bei 7 Prozent goufen Opfällegkeete festgestallt, bei deenen et sech awer och kann ëm eng Entzündung handelen, wéi de Marc Fischer erkläert. Ma och wann et sech ëm en Papilloma-Virus handelt, ass nach kee Grond zur Panik. An deem Fall muss de Verlaf am Ae gehale ginn. Dacks verschwënnt de Virus nämlech erëm vum selwen no enger gewësser Zäit.
An 0,3 bis 0,4 Prozent vun de Fäll huet et sech bei den Analysen awer ëm en Virstadium vu Kriibs gehandelt. Och dëst wéilt awer nach näischt heeschen, ënnersträicht de Marc Fischer. Soulaang et nämlech nach net zu enger Invasioun komm ass, wier et normalerweis nach méiglech, de kranken Tissu ewech ze operéieren. Eréischt an engem méi fortgeschrattene Stadium kann zum Beispill eng Chemotherapie néideg ginn. Et wier awer zu Lëtzebuerg extrem seelen, datt de Kriibs géing eréischt esou spéit erkannt ginn.
Dee beschte Schutz géint Gebärmutterhalskriibs ass awer, nieft dem Benotze vun engem Kondom, och eng Impfung, déi et zanter ugangs 2000 gëtt. Am effikassten ass dës, wa se nach virum éischte Geschlechtsverkéier gemaach gëtt. De Vaccin schützt géint 7 Zorte vu Papilloma-Viren, dorënner zwou vun deene geféierlechsten Zorten. Ma och Jonge kënne sech impfe loossen. Dëst net nëmmen, well se de Virus kënnen iwwerdroen, wéi de Marc Fischer betount, mä och, well en och bei hinne ka verschidden Zorte vu Kriibs ausléisen.
Vue datt dës Impfung awer geheeft eréischt zanter 2008 an den Asaz kënnt, ass wuel e Groussdeel vun der erwuessener Bevëlkerung net duerch eng Impfung geschützt. Dës nozehuelen, hält de Marc Fischer awer fir sënnvoll, an dat, och wann ee scho Sex hat. Eben, well och Erwuessener dann trotzdeem besser geschützt sinn. A wéi wichteg esou e Schutz ass, weist e Bléck an d'Vergaangenheet. Ier de Screening-Programm an de 60er Joren opgestallt ginn ass, war Gebärmutterhalskriibs deen heefegsten déidleche Kriibs bei Fraen.