
D'Selbsttester, déi un d'Entreprisë verdeelt ginn, sollen eng weider Sécherheet beim Schutz géint de Coronavirus bidden. Dat huet den LSAP-Aarbechtsminister Dan Kersch e Mëttwoch de Mëtteg annoncéiert. D'Diana Hoffmann mat éischten Informatiounen, wéi d’Strategie soll ausgesinn.
Vu Mëtt nächstem Mount u schonn, wëll d’Regierung mat der Verdeelung vu Selbsttester an Entreprisen ufänken. Mat de Gewerkschaften a Patronat wier ee sech awer eens, dat d'Tester mussen op fräiwëlleger Basis gemaach ginn, sou den Dan Kersch. Och d’Betriber solle fräiwëlleg matmaachen.
Et gëtt domat gerechent, datt déi drëtt Woch vum Mount d’Tester da sollen an de Betriber an esou och bei de Leit ukommen. Geplangt gëtt, datt wärend 6 Wochen 2 Tester d’Woch ugebuede ginn. Bei de 475.000 Salariéen, déi fir den Test a Fro kommen, géingen dat eng ronn 6 Milliounen Tester ginn. Fir d’Verdeelung goufen och scho 4 Partnergemengen an deene verschiddene Regiounen detektéiert. D’Iddi ass, datt och Leit am Chômage sollen dobäi hëllefe kënnen.
Mat ganz vill Chance wieren d’Tester villäicht éischter do an da kéint een och éischter mat der Verdeelung ufänken, sou de Minister. Ma bei der ganzer Campagne wier een dorop ugewisen, datt d’Leit Disziplin a Responsabilitéit weisen an domadder sech, hir Kolleegen, hir Betriber an d’ganz Gesellschaft schützen, ënnersträicht de Minister. Trotz Selbsttester misste weiderhi Sécherheetsmesuren, wéi Mask unhunn an Ofstand halen, en Place bleiwen.
Wann eng Persoun sech awer selwer positiv test, missten déi néideg Konsequenze geholl ginn. Dat heescht, et muss ee sech selwer isoléieren, säin Dokter kontaktéieren, fir eng Ordonnance ze kréien an dann an e PCR-Test kënnen ze goen. Sou géing de positive Fall och bei der Santé gemellt ginn.
Insgesamt huet d’Regierung 15 Millioune Schnelltester bestallt. Dës Tester sollen dann an Zukunft net nëmme just méi a Spideeler, a Cipaen, beim Sport an a Schoulen zum Asaz kommen, mee och wuel am Horeca-Beräich. Weider Detailer sollen Ënn der Woch an enger Pressekonferenz bekannt ginn.
