6 nei PetitiounenËnner anerem gëtt no Neiwalen gefrot, eng aner geet ëm de Couvre-feu

Roy Grotz
Vun e Freideg u sinn weider 6 ëffentlech Petitiounen op, fir wärend 42 Deeg kënnen ënnerschriwwen ze ginn.

Eng dovunner freet zum Beispill, datt d'Taxe fir d'Autossteiervignette sollt au prorata zeréckbezuelt ginn, well net dierf wärend dem Couvre-feu zirkuléiert ginn, eng aner Petitioun freet Neiwalen, wëll d'aktuell Regierungskoalitioun vun der aktueller Situatioun depasséiert wier. Dës leschtgenannt Petitioun gouf vum Catarina Simoes eragereecht, déi zanter dem leschte Joer CSV-Conseillière zu Esch ass.

D'Petitioune kënnen wéi gesot vun e Freideg un, nieft aneren 30 signéiert ginn.

Vun de 36 ëffentleche Petitiounen, déi op sinn, huet d'Petitioun iwwert Aarbechtspläng fir privat Buschauffere mat bal 3.250 Signaturen, dee meeschte Succès bis ewell.

Den nächsten Debat iwwer eng ëffentlech Petitioun ass iwwernächst Woch, den 5. Mee. Do geet et ëm d'Unerkenne vum BTS-Diplom am staatlechen Salairessystem. Dës Petitioun war iwwer 4.600 ënnerschriwwe ginn.

LINK: All d'Petitiounen um neie Site vun der Chamber

Back to Top
CIM LOGO