BausecteurEnkpäss bei Baumaterialie féiert zu Präishaussen

Diana Hoffmann
Vun engem Plus vu bis zu 40 Prozent ass rieds. Haaptschold ass déi Sanitär Kris an en staarke Wuesstem an der Welt.

Enkpäss bei Baumaterialien / Rep. Diana Hoffmann

Zanter Enn zejoert ass dës Präishausse an d'Rupture de Stock vun de Materialien aus dem Bausecteur ze spieren, seet de Paul Nathan, Vizepresident vun der Chambre des métiers. Wärend dem leschte Joer ware vill Fabricke weltwäit confinéiert gewiescht. Doduerch hätte si manner produzéiere kënnen. Lo kënnt et zu Rupture de Stock vu Matières premières a virun allem och vun Holz an Stol.

Verschäerft gëtt de Problem doduerch, datt et a China an Amerika grad e staarke Wuesstem gëtt, seet de Paul Nathan. Dat bedeit, datt, wat um Marché produzéiert geet, an déi Länner exportéiert gëtt. D'Amerikaner géinge grad extrem vill Holz vum europäesche Marché kafen. Vill Stol géing dogéint an de chineesesche Marché drainéiert ginn.

Zur Entlaaschtung vun der Situatioun huet natierlech och net bäigedroen, datt de Sueskanal esou laang duerch e Schëff blockéiert war. Nach ëmmer kënnen dowéinst net all Liwwerdelaien agehale ginn. Iwwerhaapt wieren och generell d'Präisser fir d'Livraisoun iwwert de Séiwee explodéiert. Dës Aart vun der Liwwerung ass ëm 10 Mol méi deier ginn, well d'Nofro sou héich ass, seet de Pol Faber, President vum Groupement des entrepreneurs.

D'Präisser vun de Matières premières klammen duerch dës Enkpäss. Stol an Holz ass tëscht 30 a 40 Prozent méi deier ginn. Et hofft een elo natierlech, datt d'Präisser sech stabiliséieren. D'Situatioun wier sou dynamesch, datt een sech net emol upasse kéint, seet de Paul Nathan.

Dat Ganzt bréngt d'Entreprisen an eng prekär Situatioun. Zemools, well sech schonn duerch de Confinement ugeschloe sinn. Chantieren hätte scho mussen no hanne verluecht ginn. De Pol Faber hofft elo, dat Delaien, déi fir d'Ofschléisse vun engem Chantier bestinn, kënne verlängert ginn, an och keng Strof fälleg gëtt, wann se net kënnen agehale ginn.

Back to Top
CIM LOGO