Coronavirus zu LëtzebuergEng weider Persoun ass gestuerwen, vun 11.688 Tester waren der 192 positiv
E Samschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 797 geklommen ass.
Aktuell sinn 91 Persounen (+4) hospitaliséiert, dovunner 34 op der Intensivstatioun.
3.888 Mënsche kruten e Freideg hir 1. Dosis, fir 865 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 196.171 Dosisse gesprëtzt.