
Ee Sejour op 4 wier de leschte Summer ausgefall, et goufe 24% manner Vakanze gemaach, sou de Statec an enger neier Publikatioun.
7 vun 10 Sejoure wieren och hei am Land selwer oder an engem Nopeschland gewiescht. Frankräich war weiderhin déi beléiftsten Destinatioun: Méi ewéi all 5. Sejour war am Hexagon.
Hannendru kënnt Lëtzebuerg selwer mat 12% vun de Sejouren. De Statec notéiert och, datt et ee staarke Réckgang vu Reese mam Fliger gouf.
