Nei am Märeler ParkEng Spillplaz fir jiddereen

Monica Camposeo
Egal op mam Rollstull, mam Rollator oder mat enger Kutsch: Déi nei Spillplaz am Märeler Park ka vu jidderengem genotzt ginn. D'lescht Woch ass déi nei Installatioun opgaangen. Käschtepunkt bal 4 Milliounen Euro. Mir waren d'Spillplaz mat Kanner mat enger Beanträchtegung testen.
Nei am Märeler Park: Eng Spillplaz fir jiddereen
Déi nei Spillplaz am Märeler Park ka vu jidderengem genotzt ginn.

De Max an de Maxime wunnen zesummen an engem Foyer vun der ASBL Tricentenaire a si ganz gutt Kolleegen. Zesummen op d'Spillplaz goen, egal op mam Rollstull, wéi de Maxime, oder ouni, wéi de Max, dat gehéiert do ganz selbstverständlech dozou. Waasser ass fir déi zwee Jonge besonnesch wichteg op enger Spillplaz. An hei zu Märel kann och de Maxime mat sengem Rollstull un d'Waasserspiller erukommen.

Inklusiv amplaz exklusiv

Besonnesch ass hei effektiv, dass d'Installatiounen net exklusiv fir Kanner mat enger Beanträchtegung gemaach sinn, mee vu jidderengem kënne genotzt ginn. Dat vereinfacht et, fir dass jidderee ganz einfach zesumme spille kann. Dat gëllt och fir d'Picknick-Plazen, wéi d'Nicole Spindler vum Tricentenaire ervir hieft. Besonnesch fir Famillje wier dat ganz wichteg, well si esou all zesummen un engem Dësch sëtze kënnen a sech d'Kanner ouni Handicap genee esou gutt amuséiere kënne wéi hir Geschwëster. Dass et keng Trennung gëtt, net exklusiv inklusiv, dat wier hei gutt gelongen. Bei der Planung wier een net involvéiert gewiescht, esou nach d'Nicole Spindler, an awer wier un alles geduecht ginn, seet si.

Nieft dem Tricentenaire zitt och Info Handicap e ganz positive Bilan vun der neier Spillplaz. D'Direktesch Christine Zimmer erkläert, dass Info Handicap sech d'Spillplaz ugekuckt huet an och den EuroWelcome-Logo verginn huet. Donieft hätt een nach Virschléi gemaach, zum Beispill e Plang bei der Entrée vun der Spillplaz, wou déi inklusiv Elementer markéiert sinn. An och eng Tafel mat Piktogrammer, mat deene sech Kanner, déi non-verbal sinn, verstännege kënnen andeems si dorop weisen.

Upassunge sinn net ausgeschloss

Fir Verbesserungsvirschléi wier een allgemeng op, heescht et vun der Gemeng Lëtzebuerg. Nom grousse Chantier ass de Märeler Park besonnesch och duerch déi inklusiv Elementer a beléifte Waasserspiller nees eng ganz beliefte Plaz ginn, esou de Maurice Bauer, CSV-Schäffen an der Stad. Negative Retour hätt een net vill kritt a wa gewësse Saache mussen ugepasst ginn, well se zum Beispill ze vill Kaméidi maachen, da géing ee sech dat och ukucken.

Elo an der Vakanz fënnt ee besonnesch vill Gruppen op der Spillplaz. Och den Tricentenaire huet weider Aktivitéite mat de Kanner hei geplangt, esou d'Nicole Spindler an d'Laura Veneziani, Direktesch vum Tricentenaire, déi de Max an de Maxime begleet hunn. Wichteg wier och, dass et am Park accessibel Toilette gëtt an op de Stroosse ronderëm genuch adaptéiert Parkplazen.

Eng aner Spillplaz mam EuroWelcome Label gëtt et iwwregens am Parc Belval.

Back to Top
CIM LOGO