
Dat huet de Pierre Gramegna e Mëttwoch de Moien an der Chamber annoncéiert. De liberale Finanzminister ass do op d'Remarke vum LSAP-Deputéierten a Budgetsrapporter, den Yves Cruchten agaangen. Am Zesummenhang mam Logement géing an den nächste Méint "vill dozou gesot a gemaach ginn", sou de Pierre Gramegna. Zil wier et, engersäits d'Offer u Wunnenge weider an d'Luucht ze setzen an anerersäits mat der Steierreform déi kontinuéierlech Spiral vun de Logementspräisser z'änneren.
D'Regierung wier sech bewosst, datt d'Aarmut an d'Inegalitéiten och hei am Land wuessen, mä dat wier a ganz Europa esou. Deemno misst ee sech eng ganz Rei Froe stellen, sou de Finanzminister, dee virun allem d'Iddi vun engem "Observatoire des inégalités" ënnerstëtzt huet. De Pierre Gramegna huet awer de Bilan vun der leschter a vun dëser Regierung verdeedegt. Hien huet all d'sozial Mesuren ervirgehuewen, déi bal d'Hallschent vun den Ausgabe vum Staat duerstellen.
De Pierre Gramegna ass e Mëttwoch de Moien dann och op d'Avise vun de verschiddenen Institutiounen a Beruffschamberen agaangen. Datt weder d'geplangte Steierreform, nach nei annoncéiert Klimaschutzmesuren am Budget comptabiliséiert sinn, wier ganz normal, well dës Mesurë jo nach net decidéiert sinn. Déi Mesuren aus dem Klimapak, déi schonn a Kraaft sinn, déi wieren natierlech scho chiffréiert.
De Finanzminister huet donieft op Widderspréch tëscht de verschiddenen Avisen higewisen. Déi eng géingen der Regierung Optimismus virgeheien an déi aner de Géigendeel. Ënnert dem Stréch kéint ee sech iwwert d'Budgetszuele freeën, well se d'europäesch Budgetsziler géingen anhalen, sou de Minister.
Als Konklusioun huet de Pierre Gramegna den Cicero zitéiert: "Das öffentliche Wohl ist oberstes Gesetz". Mam Budget fir d'nächst Joer wier "dës Regierung "dësem Leitmotiv gerecht.
Nom Exposé vum Finanzminister konnten duerno och nees d'Deputéiert op de Budget agoen. Déi gréisst Oppositiounspartei huet de Staatsbudget vun der Blo-Rout-Grénger Regierung wéi schonn en Dënschdeg nees schaarf kritiséiert.
Hei dat finaalt Urteel dat d'CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen um Ënn vun hirer Ried getraff huet:
"Dëse Budget ass e Budget mat Zuelen, mä ouni Visioun. Et ass e Budget ouni Kloerheet, fir Leit a Betriber, ouni Prioritéiten, ouni Politik. An dat mol fënnef am Pluriannuell, deen am Fong just ee ''Pluri-Vide'' ass. Mir brauchen awer eng kloer Politik, fir d'Wuelbefanne vun de Leit an een deementspriechende Budget. Dëse Budget awer bleift just am Hamsterrad hänken an aus all deene Grënn wäerte mir als CSV géint dëse Budget vun eidele Wierder, eidelen Zuelen an eideler Politik stëmmen. Dëse Budget ass beschtefalls e Budget vum ''Bien-avoir'' an net vum Bien-être, net vum Wuelbefannen a scho guer net vum ''Wuelmaachen''.
D'CSV kritiséiert virun allem, dass keng Mesurë fir de Klimaschutz a vun der Steierreform an dësem Budget chiffréiert gi wären. Och de Logement kéim ze kuerz.
D'DP an déi Gréng, a Form vum Eugène Berger respektiv der Josée Lorsché, hunn de Budget dogéint gelueft. D'selwecht de Fraktiounspresident vun der LSAP den Alex Bodry. Ëmmerhi géif de Sozialbudget bal d'Hallschent vum gesamte Budget ausmaachen. Den Alex Bodry huet a senger warscheinlech leschter Ried am Kader vun enger Budgetsdebatt awer och sou munches ze bedenke ginn. De Manktem u Wunnenge wär nëmme ganz schwéier an de Grëff ze kréien:
"Ech weess éierlech net, ob déi Logementsproblematik, wa mir an dësem wirtschaftlechen Ëmfeld bleiwen, ka geléist ginn. Et kann een d'Präishausse vläicht zu engem gewëssene Moment e bësse bremsen oder stabiliséieren. Mä dat kann een net maachen, wa mir esou weidermaachen a mengen, en profitorientéierte Maart géif op eemol altruistesch reagéieren. No-Go ass mengen ech, dass mir dat doten ouni gréisser Moossnamen nokucken, wéi d'Situatioun ass. Eng kleng Moossnam hei an eng kleng Moossnam do, dat geet net duer."
Iwwerdeems géif et och nach keng generell Approche fir d'Zesummeliewen an der Groussregioun ginn - Stéchwierder: Frontalieren an Télétravail.
Um 14 Auer geet et nach weider mat der Budgetsdebatt. Déi Lénk, d'Piraten an d'ADR hunn e Mëttwoch de Moien nach net geschwat.
En Donneschdeg de Moie gëtt iwwer d'Budgetsgesetz ofgestëmmt.
RTL NEWS: En equilibréierte Budget, dee sozial an ekologesch Akzenter setzt
RTL NEWS: Haaptkritikpunkten aus ënner anerem Staatsrot a Beruffskummeren