Coronavirus zu LëtzebuergEng Persoun gestuerwen, vun 9.425 Tester waren 81 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 814 geklommen ass.
© RTL

Aktuell sinn 32 Persounen hospitaliséiert, dovunner 12 op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 1.023 aktiv Infektiounen. 67.993 Persoune gëllen als geheelt.

An de leschte 24 Stonne goufen 1.395 Leit eng éischte Kéier an 3.981 Leit eng zweete Kéier geimpft. Am Ganze goufe bis ewell 334.766 Dosisse genotzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,73. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO