Eng Struktur mat 21 miwweléierten Zëmmeren an zwee Appartementer, déi u Leit kënne verlount ginn, déi an enger sozial-schwaacher Situatioun sinn.
Obwuel d'Zëmmer fir eng Persoun oder eng Koppel sinn, besteet och d'Méiglechkeet, Familljen ënnerzebréngen, duerch Zëmmeren, déi kënne matenee verbonne ginn. Ausserdeem gëtt, fir déi, déi wëllen, en Encadrement proposéiert.
Opgrond vun enger Lëscht vu ronn 600 Persounen, déi bei der Gemeng eng Demande fir eng sozial Wunneng gemaach hunn, gëtt jee no Urgence decidéiert, wéi eng Leit sech fir d'Haus Delta „qualifizéieren". Am Haus, dat aus dräi Gebaier besteet, gouf versicht, déi al Elementer vum fréieren Hotel Delta bäizebehalen. Allerdéngs hu bei der Renovatioun déi aktuell Sécherheetsnorme misse respektéiert ginn.
2015 huet d'Gemeng de fréieren Hotel opkaaft. Gutt 2,3 Milliounen Euro goufe fir d'Ëmbauaarbechte virgesinn. Deen Devis konnt schlussendlech och agehale ginn. De Staat huet sech zu 75% um Finanzement bedeelegt.