Jongbaueren a LandjugendEng Generatioun setzt Jalonen

Pit Everling
A ville Fäll wier déi lescht Rees fir vill Déieren eng Qual. Dofir misst d'EU ophalen, dat zouzeloossen, fuerderen d'Jongbaueren.
Jongbaueren a Landjugend
Eng Generatioun setzt Jalonen

Jongbaueren iwwer Déierewuel / Rep. Pit Everling

Datt lieweg Déiere vun hei aus op aner Kontinenter bruecht ginn, ënner schreckleche Konditiounen transportéiert a geschluecht ginn, domadder muss Schluss sinn. Dat verlaangen d'Jongbaueren, déi un d'Lëtzebuerger Politik appelléieren an eng Léisung ze proposéieren hunn.

Rieds ass vun Notzdéieren, zum Beispill vu jonke männleche Kaalwer, déi hei net gebraucht ginn an dofir u Véihändler verkaaft ginn. Wou hiert Déier eng sëllegen Etappe méi spéit eventuell lant, dat weess de Bauer dacks net.
Christian Hahn: Ee Beispill ass: E Kallef, wat an Holland an eng Mäschterei geet. Dann hänkt et dovunner of, wou et dono higeet. Bei de Kaalwer gëtt et e Marché an Nordafrika an am Noen Osten. Da geet et normalerweis vun Holland erof a Spuenien an da mam Schëff weider an déi Regiounen. D'Mier huet keng europäesch Standarden, e Schëff muss déi net erfëllen. Och wat dono mam Béischt geschitt, kann net méi europäesch kontrolléiert ginn.

A ville Fäll wier dës lescht Rees fir d'Déieren eng Qual. Dofir misst d'EU ophalen, dat zouzeloossen, fuerderen d'Jongbaueren. Fir si ass kloer, Fleesch kann aus der EU eraus transportéiert ginn, lieweg Déieren awer net, déi sollen hei geschluecht ginn, wou héchst Standarden och agehale ginn.

De Luc Emering, President vun de Jongbaueren:"Mir verlaangen, dass endlech gesetzlech festgeluecht gëtt, datt eis Béischte just an EU-zertifiéierte Schluechthaiser am Aklang mat EU-Norme geschluecht ginn. Mir verlaangen, datt dat an de Pass vum Déier stoe kënnt."

An deem Sënn hunn d'Jongbaueren och eng Petitioun um Chamber-Site lancéiert. Lo misst weider Drock op d'Politik gemaach ginn, déi de Problem zwar kennt, déi awer nach näischt ënnerholl hätt, sou d'Jongbaueren.

Effektiv ass d'Problematik zu Bréissel a Stroossbuerg mol bekannt. Déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz ass Presidentin vum Comité fir d'Protektioun vun Déiere bei Transporter. Si begréisst, datt d'Jongbaueren dëst Thema opgräifen:

Am EU-Parlament gëtt et zënter September eng Enquêtëkommissioun, wou de Schutz vun Déiere beim Transport an der EU an ausserhalb analyséiert gëtt. Mir wëssen natierlech, datt et do Problemer gëtt.

Firwat gi bestoend Reglementatiounen net agehalen, wou sinn d'Schlupflächer? wéi systematesch ass d'Problematik? Wien ass responsabel? Ënner anerem déi Froe sollen am Comité gekläert ginn, sou d'Tilly Metz

Et si ganz vill Problemer, wou ee muss an d'Déift goen. D'Camione musse méi déiere-spezifesch adaptéiert sinn.
D'Dauer vun den Transporter misst gekierzt ginn. Wa mer Reglementatiounen hunn, da musse mer och kucken, datt et Kontrolle gëtt an datt Veterinäre sur place sinn. Op deene Schëffer ass de Moment kee Veterinär wäit a breet.

Op alle Fall géing et vill Klärungs- an Handlungsbedarf ginn. D'Reglementatioune missten iwwerschafft ginn, sou nach d'Tilly Metz.

Back to Top
CIM LOGO